Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Staatstheater zu Saarbrécken

Die lustige Witwe

Dem Franz Lehár seng Operett "Die lustige Witwe", déi Ufank vum 20. Joerhonnert entsteet, ass e subtilt gesellschaftskritescht Wierk, dat seng eegen Epoch a Fro stellt. Zum Komponist senger Zäit gouf d'Operett iwwer 300.000 Mol opgeféiert, an haut gehéiert se zu de Klassiker vu villen Operenhaiser. En nächste Samschdeg (26. 10. 2019) huet "Die lustige Witwe" an enger Neiinzeenéierung Première zu Saarbrécken am Staatstheater. De Manuel Ribeiro huet mam Regisseur Aron Stiehl geschwat.

Rezent Emissiounen

  • Mat der 3. Symphonie an d'Charts

    De 6. Dezember 1933 gëtt de polnesche Komponist Henryk Gorecki gebuer.

  • Wat kann Phil27?

    D'App vun der Philharmonie fir Jonker ënner 27 Joer 

  • De Fall Mozart

    De 5. Dezember 1791 stierft de Wolfgang Amadeus Mozart. En Doud, dee fir immens vill Spekulatioune gesuergt huet.

  • D'Gewënnerin vum Concours Reine Elisabeth 2019

    D'Geiistin Stella Chen spillt den Owend (5.12.2019) zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

  • A CAPE'LLA

    De Festival ronderëm d'Stëmm geet mat Beatboxing, Jazz, Folk, Pop a Klassik a seng drëtt Editioun.

  • 4 Sträicher an eng Klarinett

    Concert-apéritif mat Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (8.12.2019)

  • Eng aussergewéinlech Akkordeonistin

    Am Gespréich mat der Anne-Maria Hölscher 

  • Blécken op de Bonner Meeschter

    De Ludwig van Beethoven, Komponist vum Mount Dezember um radio 100,7

  • Mariss Jansons (1943 - 2019)

    De letteschen Dirigent ass e Samschdeg (30.11.2019) gestuerwen.

  • Le Petit Prince

    De 5. an 6. Dezember mam Orchestre de Chambre du Luxembourg am Kinneksbond zu Mamer

  • Begrënner vun der Tragédie lyrique

    De Jean-Baptiste Lully

  • Eng Uropféierung

    De radio 100,7 live beim Festival Rainy Days

  • Percussion World

    Concert am Kader vun der Serie Camerata an der Philharmonie (2.12.2019) 

  • Luucht a Schiet

    Beim traditionellen Adventsconcert gedenkt d'Maîtrise dem 75. Joresdag vun der Ardennenoffensiv a feiert gläichzäiteg hiren 175. Gebuertsdag.

  • Nana Formosa an Daidalos

    Concert mat fréiere Laureaten vun der International Percussion Competition Luxembourg

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Schwéierpunkt - Ardennenoffensiv: Ee mäerderesche Plang

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen