Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Dem Max Jacoby säin zweete Long Métrage

Fir "Butterflies" krut de Lëtzebuerger Realisateur Max Jacoby 2005 de Präis vum beschte Kuerzfilm vum Ang Lee zu Venedeg iwwerreecht. 2009 huet hien den Anticipatiounsfilm "Dust" zu Busan presentéiert. Produzéiert vum Jani Thiltges fir Samsa Film ass "Péitruss" elo säin zweete Long Métrage. Et ass e psychologeschen Thriller an en Whodunit, deen aus dem Point de vue vun enger Fra erzielt ass. De Max Jacoby verréit dem Thierry Besseling méi.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Noriichten

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen