Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

All Joer huet seng "One Hit Wonders" Gruppen, déi mat engem Song alles ofrappen, an duerno héiert ee kaum méi vun hinnen. Dat war 1999 net anescht. Ee Song dee laang ënnert dem Sänger vun der kanadesche Band Len sengem Bett verstoppt war, ass haut eisen Twenty/Twenty, en heescht "Steal My Sunshine".

Yin Yin huet endlech eng Plack enregistréiert, eng Zort Compil vun deene beschte Saachen aus de leschte Joren déi bis ewell nach net releast goufen. "Dis Kô Dis Kô" heescht dem Anne Georges säi Coup de Coeur.

Si sinn eng Band, wéi keng aner: Big Thief. Mat hirer smarter Mëschung aus Americana an Indie Rock, hire cleveren Arrangementer an hirem homogenen Zesummespill iwwerzeegt de Quartett elo scho fir d'zweete Kéier dëst Joer. No "U.F.O.F.", deen am Mee erauskoum, leeë si elo no mat "Two Hands". Den Yves Stephany mam Album vun der Woch.

Den 1. Juni 1967 koum de Beatles hire legendären Album "Sergeant Peppers Lonely Hearts Club Band" eraus. Als zweeten Titel figuréiert "With a Little Help From My Friends", eent vun de wéinege Lidder, déi de Ringo Starr gesongen huet. Offiziell als Single, koum dat Lidd net eraus, dofir awer ee Joer méi spéit an enger weltbekannter Interpretatioun vum Joe Cocker. Awer net nëmmen de Gas-Installateur vu Sheffield huet de Beatles hiert Lidd nogesongen, respektiv nei interpretéiert.

Pentangle kann een als Aart Super-Grupp bezeechnen. Eng britesch Folk Super-Grupp. Déi fënnef Membere waren all scho gutt an der Musekszeen Mëtt de 60er zu London ënnerwee. Op "Basket of Light" vun 69 héiert ee Pentangle op hirem Héichpunkt. E spannende progressive Folk-Album, dee vun Iddie spruddelt a wou e liewegt Zesummespill dominéiert. 50 Joer no der Release kuckt de Jamie Reinert op dës Scheif zeréck.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Notizblock

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen