Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.
Konferenzen
Les rendez-vous de L'UNESCO
Kierfechter sinn net nëmme Plaze fir Erënnerung, mee si materialiséieren och Materialien a Vergaangenheet. E Fuerschungsprojet vun der Universitéit Lëtzebuerg, "RIP", beschäftegt sech mat dësem Thema, zu deem och ee Buch mam Titel "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?" erauskoum.
Eng vun den Autorinnen ass d'Archeologin Christiane Bis-Worch, si erkläert an hirem Virtrag bei Geleeënheet vu Les rendez-vous de l'UNESCO, wat déi Doudeg iwwer hiert d'Liewe verroden. Weider Intervenante waren nach: Thomas Kolnberger, Projet "RIP", Antoinette Reuter a Robert L. Pilippart,. Si hunn d'Buch zesumme mat der Sonja Kmec erausginn.
D'Konferenz vum 7. Oktober an däitscher Sprooch, gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
Les rendez-vous de l'UNESCO am Cercle Cité, de 7. Oktober 2019 © Carlo Link
PDF-Datei zum Virtrag vun der Christiane Bis-Worch: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/03/vortrag-ewigeruhe-christianebis-fuer-100-7_21e597.pdf
Iwwer de Fuerschungsprojet "RIP" op der Uni Lëtzbuerg: http://https://transmortality.uni.lu
D'Buch "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?", iwwer Kulture vun der Griewer zu Lëtzebuerg an an den Nopeschregiounen, ass ze kréien am Buchhandel, oder direkt iwwer de Capybarabooks-Verlag.
http://www.capybarabooks.com/buecher/sachbuch/ewige-ruhe-concession-a-perpetuite.html
Musek: Reinhard Mey - Friedhof (Live vun der CD "Ich kann" - 2006)
Rezent Emissiounen
-
IPW - Institut Pierre Werner - Entretien
La chute du mur - La chroniqueuse littéraire Marie-Madeleine Rigopoulos s'entretient avec le journaliste et écrivain Olivier Guez.
-
Les rendez-vous de L'UNESCO
"Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"
-
Les Rendez-Vous de L'UNESCO
Digital Mënscherechter
-
Les Rendez-vous de l'UNESCO
Fir eng méi wëssenschaftlech Kultur ... an eng méi kulturell Wëssenschaft
-
Archives et démocratie
Den néngten Archivdag, organiséiert vum Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten Asbl, kuerz VLA.
-
Die Neuentdeckung des Himmels
"Auf der Suche nach fremden Welten und fremden Lebenwesen"
-
Forum Z - Visualising history
Historesch Molereien, 3D-Rekonstruktiounen, virtuelle Welten a Zäitmaschinnen
-
Les Rendez-vous de l'UNESCO
"Through the Looking Glass" - Iwwerleeungen a Geschichten zum Thema Fraen a Fotojournalismus
-
Europa - wat en Theater
Am Virfeld vun den Europawahlen diskutéiere Lëtzebuerger Kënschtler iwwer Europa.
-
Les Rendez-Vous de l'UNESCO
"A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.
-
ForumZ - Who's afraid of the digital?
Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.
-
Lemminge, Schneeeulen und Eisbären
Vom Leben in der Arktis im Griff des Klimawandels. Eng Konferenz vum Dr. Benoît Sittler de 6. November 2018 am Natur Musée am Gronn (MNHN).
-
Luxembourg Art Week 2018
"Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz
-
Luxembourg Art Week 2018
"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.
-
Luxembourg Art Week 2018
"Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen