Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Eng Lëtzebuergesch Studentin iwwer d'Situatioun am Chile

Zanter zwou Woche ginn am Chile Dag vir Dag Zéngdausende vu Leit op d'Strooss, fir hirer Roserei iwwer déi sozial Ongerechtegkeeten am Land Loft ze maachen. De President Pinera huet de leschte Samschdeg reagéiert: hien huet eng Regierungs-Ëmbildung a Reformen ugekënnegt. Mee d'Onroue gi virun. Gëschter huet déi chilenesch Regierung iwwerraschend den UNO-Klimasommet, deen am Dezember an der Haaptstad Santiago sollt sinn, ofgesot: ënner den aktuellen Ëmstänn wär d'Land net an der Lag, esou eng grouss Konferenz ze organiséieren. D'Hannah Fautsch ass eng Lëtzebuerger Studentin, déi als Kand schonn am Chile gelieft huet an elo fir sechs Méint zeréck op Santiago gaangen ass. Wéi erlieft si déi ablécklech Situatioun?

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

    Mam Bus op Madrid

    D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen