Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Nei EU-Kommissioun: schwieregen zweeten Ulaf

Nodeems d'Europaaprlament dräi Kandidate refuséiert huet, huet d'Ursula von der Leyen hir Equipe vun der zukünfteger EU-Kommissioun nach net zesummen. A Rumänie streiden de President an déi gestierzte Regierungscheffin doriwwer, wien dofir zoustänneg ass, en neie Kandidat ze schécken. An d'Fro, ob Groussbritannien ee Kommissär nominéieren muss, ass och nach op. D'Paritéit am neien Team schéngt iwwerdeems kee realistescht Zil méi ze sinn. Vu Bréissel d'Danièle Weber

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen