Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Verlängerung vun der Superjhemp-Expo am Mierscher Literaturhaus

Dräi Joerzéngte laang hunn de Lucien Czuga an de Roger Leiner mat hire Superjhemp-Geschichten och e Stéck Lëtzebuerger Geschicht geschriwwen. Wéi ass et zum Superjhemp komm? Wéi hunn d'Protagonisten an d'Geschichte sech entwéckelt, wéi wäit spigelt d'Welt vum Superjhemp dat reellt Lëtzebuerg erëm? Wéi eng Plaz huet BD iwwerhaapt zu Lëtzebuerg? Am CNL zu Miersch ass a fënnef Säll d'Resultat vun enger intensiver Aarbecht ze gesinn. Lieweg, faarweg an expressiv. D'Ausstellung "De Superjhemp ënnert dem Röntgebléck" gëtt bis den 31. Januar 2020 verlängert. An dofir proposéiert d'Valerija Berdi Iech nach emol en Abléck an d'Expo.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen