Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den OGBL warnt viru Restrukturatiounspläng beim Grupp Delphi hei zu Lëtzebuerg, iwwer d'Hallschent vun den Aarbechtsplaze wieren a Gefor.
  2. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker muss operéiert ginn. De SREL-Prozess muss dowéinst méiglecherweis nees no hanne verréckelt ginn.
  3. An der Affär ronderëm presuméiert Mëssstänn bei der Beschäftegungsinitiativ CIGR Syrdall, huet sech de Parquet elo zu Wuert gemellt a reagéiert op Kritiken an der Press.
  4. Vermësstemeldung vun der Police: En 72-Joer ale Mann ass zu Bungeref verschwonnen.
  5. Ungarn, Polen an Tschechien hätte wéinst ze wéineg Solidaritéit an der Flüchtlingskris géint EU-Recht verstouss. Zu där Conclusioun kënnt d'Procureure Générale vum Europäesche Geriichtshaff an enger Expertise.
  6. De franséische Grupp PSA an den amerikanesche Grupp Fiat-Chrysler wëlle matenee fusionéieren: Duerch déi Allianz géif de véiertgréisste Konzern an der Automobil-Industrie entstoen.
  7. An den USA huet d'Representantenhaus sech, mat de Stëmme vun den Demokraten, eng éischte Kéier formell hanner d'Enquête en Vue vun enger Amtsenthiewung vum President Donald Trump gestallt
  8. D'Terrormiliz Islamesche Staat huet den Doud vun hirem Chef Abu Bakr al-Baghdadi confirméiert. Hien ass de leschte Weekend bei enger Spezialoperatioun vum US-Militär ëm d'Liewe komm.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

  • Panorama

    Tensiounen tëscht Russland an USA si grouss / Lëtzebuerg kritt kee "Burka-Gesetz", mee Pecherten kréie méi Kompetenzen / Maggy Nagel "not amused" iwwert Witz iwwert Lëtzebuerg

  • Panorama

    Tierkei schéisst russesche Kampfjet op syrescher Grenz of / Reuniounen de Mëtteg iwwert d'Sécherheetslag zu Lëtzebuerg / Sektoriell Pläng si relancéiert

  • Panorama

  • Panorama

    USA gi global Reeswarnung eraus, zu Bréissel gouf den Ausnamezoustand bis muer verlängert / Regierung relancéiert sektoriell Pläng / Gemeng Lëtzebuerg verbidd organiséiert Heeschen

  • Panorama

    Bréissel weider am Ausnamezoustand / 3,3% manner Chômage wéi nach am Oktober d'läscht Joer / Muechtwiessel an Argentinien: Oppositiounskandidat Macri gewënnt

  • Panorama

    Perquisitiounen zu Bréissel-héchsten Terror-Niveau bleift bestoen/Konservative Politiker wënnt d'Presidentewahlen an Argentinien/ Am Futtball geet d'Kris bei Gréiwemaacher virun

  • Panorama

    Perquisitiounen zu Bréissel-héchsten Terror-Niveau bleift bestoen/Konservative Politiker wënnt d'Presidentewahlen an Argentinien/ Am Futtball geet d'Kris bei Gréiwemaacher virun

  • Panorama

  • Panorama

  • Panorama

    Bluddeg Geiselnahm duerch Djihadisten an Hotel zu Bamako / EU-Bierger ginn nees op Baussegrenze vun EU kontrolléiert / Police-Kontrollen zu Entrange gi fir onbestëmmten Zäit virun

  • Panorama

    Geiselnam zu Bamako am Mali / EU-Innen- a Justizministere beroden iwwer Verschäerfung Sécherheetsmesuren / Sechs Mafiosien an Italien verhaft wéinst geplangtem Ministermord.

  • Panorama

    Valls: Terrorbedrohug ass weider do / EU-Inneminister wëllen Antiterrormesuren decidéieren / SYFEL: Kierchefabrike moderniséieren, net ofschafen

  • Panorama

    Valls: Terrorbedrohug ass weider do / EU-Inneminister wëllen Antiterrormesuren decidéieren / SYFEL: Kierchefabrike moderniséieren, net ofschafen

  • Panorama

    Presuméiertem Drotzéier hannert Paräiser Attentater doud/ Israel: Palästinenser bréngen 5 Israeli ëm CSL: Regierung beim Ëmsetzen vum Spuerpak op der Streck bliwwen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen