Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Den OGBL warnt viru Restrukturatiounspläng beim Grupp Delphi hei zu Lëtzebuerg, iwwer d'Hallschent vun den Aarbechtsplaze wieren a Gefor.
  2. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker muss operéiert ginn. De SREL-Prozess muss dowéinst méiglecherweis nees no hanne verréckelt ginn.
  3. An der Affär ronderëm presuméiert Mëssstänn bei der Beschäftegungsinitiativ CIGR Syrdall, huet sech de Parquet elo zu Wuert gemellt a reagéiert op Kritiken an der Press.
  4. Vermësstemeldung vun der Police: En 72-Joer ale Mann ass zu Bungeref verschwonnen.
  5. Ungarn, Polen an Tschechien hätte wéinst ze wéineg Solidaritéit an der Flüchtlingskris géint EU-Recht verstouss. Zu där Conclusioun kënnt d'Procureure Générale vum Europäesche Geriichtshaff an enger Expertise.
  6. De franséische Grupp PSA an den amerikanesche Grupp Fiat-Chrysler wëlle matenee fusionéieren: Duerch déi Allianz géif de véiertgréisste Konzern an der Automobil-Industrie entstoen.
  7. An den USA huet d'Representantenhaus sech, mat de Stëmme vun den Demokraten, eng éischte Kéier formell hanner d'Enquête en Vue vun enger Amtsenthiewung vum President Donald Trump gestallt
  8. D'Terrormiliz Islamesche Staat huet den Doud vun hirem Chef Abu Bakr al-Baghdadi confirméiert. Hien ass de leschte Weekend bei enger Spezialoperatioun vum US-Militär ëm d'Liewe komm.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    EU-Kommissioun: Budgetspläng fir 2020 erfëllen Stabilitéitspakt / Google: Informatiounsversammlung zu Biissen / Israel: ginn et Neiwalen? 

  • Panorama

    EU-Kommissioun: Budgetspläng fir 2020 erfëlle Stabilitéitspakt / Google: Informatiounsversammlung zu Biissen / Israel: ginn et Neiwalen?

  • Panorama

    EU-Kommissioun lueft Lëtzebuerg fir Hausse vum Mindestloun / Deirdre du Bois neie Member vum Staatsrot / Dräi Pilotprojete fir Ampel-Radaren am Land

  • Panorama

    Weltkannerdag / Ampel-Radaren / Festnam am Fall Galizia

  • Panorama

    Gewerkschafte kritiséiere bei Protest e "soziale Boykott" vum Patronat / Haut ass Weltdag vun de Kannerrechter / Israelesch Loftattack a Syrien

  • Panorama

    Gewerkschafte kritiséiere bei Protest e "soziale Boykott" vum Patronat / Haut ass Weltdag vun de Kannerrechter / Israelesch Loftattack a Syrien

  • Panorama

    Drëtten Ulaf fir de SREL-Prozess / Kee Pelz-Verbuet zu Lëtzebuerg / Amnesty International: Iwwer 100 Persoune bei Protester am Iran gestuerwen

  • Panorama

    Pann bei Six Payment Services / CSSF-Initiativ Finanz-Erzéiung / EuGH zu polnescher Disziplinarkammer

  • Panorama

    Israelesch Siidlungen am Westjordanland net illegal, sou USA / Neie Comité fir d'Memoire vum 2. Weltkrich zesummen / Zwee Doudeger bei Kollaps vu Bréck a Frankräich confirméiert

  • Panorama

    Israelesch Siidlungen am Westjordanland net illegal, sou USA / Neie Comité fir d'Memoire vum 2. Weltkrich zesummen / Zwee Doudeger bei Kollaps vu Bréck a Frankräich confirméiert

  • Panorama

    Budgets-Pläng Lëtzebuerg / Rapport Cour des Comptes Budget 2018 / Gréng Luucht fir den ungaresche Kommissär

  • Panorama

    UNICEF warnt virun neie Menacë fir Kanner / Hongkong: verstäerkte Gewalt bei Protester / Donald Tusk soll neien EVP-President ginn

  • Panorama

    Vill Automobilisten halen sech net u Reegelen, sou AVL / Méi Visiteuren an neier Nationalbibliothéik / Franséisch Koppel stierft no Stroumpann wéinst Schnéi

  • Panorama

    Vill Automobilisten hale sech net u Reegelen, sou AVL / Méi Visiteuren an neier Nationalbibliothéik / Franséisch Koppel stierft no Stroumpann wéinst Schnéi

  • Panorama

    M. Kieffer: Kulturministeren hu Bau vu Bibliothéik ënnerstëtzt / Louisiana: US-Demokrat wënnt Gouverneurswahlen / Gréng Luucht vun UEFA fir Stadion Josy Barthel

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Schwéierpunkt - Ardennenoffensiv: Ee mäerderesche Plang

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen