Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats Lungo

Filter kennt een éischter fir industriell Kläng iergendwou tëschent de Smashing Pumpkins an Nine Inch Nails, Bands an deene verschiddener vun de Membere matgeschafft hunn. Iwwerhaapt ware Line-Up Ännerungen hir Spezialitéit. Bis haut ginn et alles an allem 15 Ex-Filter Memberen. Hiren éischten Hit, am Joer 1999, war fir de Marc Clement nach eng relativ brav Rock-Nummer: "Take a Picture"

De Kanadier Andy Shauf annoncéiert mam Anne Geroges sengem Coup-de-Coeur de fënnefte Longplayer "The Neon Skyline". Dem Anne geet déi gemittlech Debut Single "Things I Do" net méi aus dem Gemitt. Ee labbere Pop Folk Track mat engem lëftege Bléiser Arrangement. 

Absurditéit, Verzweiwlung an den Alldag hu reegelméisseg matenee Rendez-vous um Richard Dawson senger neier Plack. Ënner dem Titel "2020" zeechent hie scheinbar banal Erfarungen, déi eng Aart Momentopnam afänken. Eng bal dokumentaresch Singer-Songwriter-Plack, déi de Marc Clement presentéiert.

Dem Jim Croce säin 1973'er Hit "Time in a Bottle" gouf dacks gecovert a steet am Mëttelpunkt vu Copy/Paste mam Fred Medernach.

Am Summer '69 gëtt de Film "Easy Rider" Kult fir eng ganz Generatioun. Een Titel vum Soundtrack kënnt vun The Byrds. D'Amerikaner publizéieren Enn Oktober vum selwechte Joer e ganzen Album, deen op der Erfollegwell vum Film matschwëmmt. Detailer mam Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen