
Alex Reding
2015 huet de Galerist Alex Reding déi éischt Luxembourg Art Week lancéiert. 20 Galerië plus de Salon vum Cercle artistique de Luxembourg hunn an de Victor Hugo Halen iwwer 7.000 Visiteuren empfaangen. Zejoert waren et der bal duebel esouvill. Tëschent dem 8. an 10. November ass déi fënneft Luxembourg Art Week, mat iwwer 60 Galerien aus siwe Länner, mat der Participatioun vu Kulturinstitutiounen, engem nach méi vaste Kultur- a Konferenzeprogramm. Doriwwer huet d'Kerstin Thalau mam Alex Reding geschwat.