Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Europaparlament nach net iwwerzeegt vun Accord mat Vietnam

Am Europaparlament gëtt den Ament iwwer den Handelsaccord tëschent der EU an dem Vietnam diskutéiert. Deen Accord gouf zwar schonn am Summer ënnerschriwwen. Fir datt en a Kraaft triede kann, muss awer d'Parlament Jo dozou soen. Elo appelléiert déi vietnamesesch Zivilgesellschaft, datt et nach waarde soll, éier et säin Accord gëtt. Déi vietnamesesch Regierung géif ëmmer méi haart géint déi Leit virgoen, déi sech fir d'Mënscherechter asetzen, sou de Reproche.

Een Deel vum Europaparlament gesäit dat och esou, wéi een Debat gëschter zu Bréissel gewisen huet. Detailer vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen