Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

Op Tëschentéin kënnt et un

Et ass net déi éischte Kéier, datt de Joseph Moog Wierker vum Franz Liszt ophëllt. Mat dem aktuelle Programm "Between Heaven and Hell" huet de Pianist sech allerdéngs bewosst Zäit gelooss, bis hie virun allem déi zwou wichteg Sonaten a si mineur an "Après une Lecture de Dante" am Grëff hat - net technesch, mee virun allem musikalesch. D'Resultat ass een Disk, bei deem et dem Joseph Moog virun allem op Tëschentéin ukënnt.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen