Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Keng Geschlechterparitéit an der nächster EU-Kommissioun

An der neier Europäescher Kommissioun solle genee esou vill Frae ewéi Männer sinn. Dat hat déi zukünfteg Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen versprach, wéi si am Juli am Europaparlament hire Programm presentéiert huet.

Déi nei Equippe ass elo baal komplett - wéi gesäit et dann elo aus mat der Paritéit an där Kommissioun, déi jo fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der EU vun enger Frau presidéiert gëtt?

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen