Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. D'Oppositiounsparteie schreiwen an der Affär ronderëm d'Familljeministesch Corinne Cahen en oppene Bréif un de Premier Xavier Bettel a fuerderen, datt den Ethikrot domat befaasst gëtt.
  2. Bis Enn des Joers soll den LSAP-Deputéierten Alex Bodry eng Propose fir d'Reform vum Parteie-Finanzéierungsgesetz ausschaffen.
  3. Zanter Mäerz d'lescht Joer goufe keng Rechnunge fir Krankentransporter déi vum CGDIS gemaach goufe méi rembourséiert, confirméiert de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider.
  4. Den 21. November trëtt e Fräihandelsofkommes tëscht der EU a Singapur a Kraaft.
  5. Uganks Dezember soll a Groussbritannien e Syrie-Sommet stattfannen, fir ënnert anerem iwwert eng politesch Léisung fir de Biergerkrich am Land ze beroden.
  6. De franséische Médicis-Präis geet dëst Joer un de Luc Lang fir säi Roman "La Tentation".

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen