Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Wéi déi amerikanesch Hiphop-Band The Roots 1999 d'Ericah Badu gefrot huet, hir Stëmm fir e Song ze léinen, sollt et net zu sengem Schued sinn. Déi jonk Neo-Soul Songwriterin hat mat hirem Debut-Album zwee Joer virdrun de Genre matdefinéiert, deen tëschent zäitgenëssescher urbaner Musek an der grousser Traditioun vum amerikanesche Soul Brécke sollt schloen. Dem Marc säin 20/20 haut: "You Got Me".

Et gëtt neie Sound vum Electro Pop Duo COMA. Eng Formatioun mat Indie Rock Background, déi d'musikalesch Trajectoire geännert hunn an hautdesdaags dem Anne Georges terribel gutt gefalen. D'Anne presentéiert hir nei Single "Spiracles".

Dräi Museker a Kënschtler aus dem däitschen Nordrhein-Westfale bréngen elo Ufank November den italieneschen Indianersummer heihinner. Mam Numm "Yvon im Kreis der Liebe" liwwere si net nëmmen d'Wäermt, déi d'Wieder ewechgerappt huet, mee liwweren och den Album vun dëser éischter Novemberwoch. Den Tom Dockal weess méi.

"In The Army Now" - Ee grousse Succès fir Status Quo aus dem Joer 1986, den Original kënnt awer vun zwee Bridder aus Holland a gouf schonn 1982 publizéiert. Detailer a Copy/Paste vum Luc Melsen.

Dem Brian Eno seng Carrière ass als Deel vum Bryan Ferry sengem Roxy Music ugaangen. E war awer net laang beim Glam Rock Outfit dobäi, éier hien 1974 seng Solo-Carrière lancéiert huet. Dat Joer huet hien net eng, mee direkt zwou Placken erausbruecht. "Here Come The Warm Jets" gouf am Januar verëffentlecht. Eng experimentell Studio Pop Produktioun. Déi zweet "Taking Tiger Mountain (By Strategy)" koum am November eraus, déi genee, wann net esouguer méi bizarre Momenter opweist. De Jamie Reinert lauschtert mam Philippe Hansen nach eemol eran.

Poetry Slam ass eng Konschtform, déi haaptsächlech vu Jonke praktizéiert gëtt. D'Sujeten, déi do behandelt ginn, variéiere vum witzegen Text bis zu enger emotionaler Ausernanersetzung mat perséinleche Problemer. Donieft gëtt den Text och duerch d'Performance vum Kënschtler verännert. De Pit Walté huet sech mam Philippe Schockweiler iwwer de Poetry Slam ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Cécile Devroye, Eric Lavillunière an Norry Schneider

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen