
Fabienne Becker a Fränz Siebenaller
Déi Zoustänneg fir Sensibiliséierung a Plädoyer bei ECPAT Lëtzebuerg, explizéieren nieft anerem d'Problematik vum Volontourismus.
Amplaz e längere Volontariat ze maachen huelen ëmmer méi jonk Leit d'Optioun fir - dacks fir vill Suen - eng Vakanz mat enger Zort fräiwëllegen Aarbecht ze verbannen. Volontourismus heescht dat dann, an ass net ëmmer zum Beschten vun deenen, déi viséiert sinn: Kanner a Länner, wou an d'Schoul goen nach laang net selbstverständlech ass zum Beispill.
Wat soss am Kader vun der Semaine ECPAT, vum 18. bis de 27. November, organiséiert ass, gi Dir vum Fabienne Becker a Fränz Siebenaller gewuer.