KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Leopold Mozart (1719-1787)

De 14. November 2019 gëtt dem Leopold Mozart säin 300. Gebuertsdag gefeiert. D'Stad Augsburg, d'Heemechtsstad vum Wolfgang Amadeus sengem Papp, huet besonnesch vill Eventer geplangt. Vum Leopold Mozart krute mir duerch Theaterstécker a Filmer en deels falscht Bild vermëttelt. De Leopold Mozart war e ganz léiwe Papp a en appreciéierte Pedagog. Seng Geiemethod ass haut e ganzt wichtegt an onersetzlecht Dokument fir d'Opféierungspraxis am 18. Joerhonnert.  Wie war de Leopold Mozart? E Portrait vum Komponist, Manager, Pedagog an Haffkapellmeeschter.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen