Invité am Moies-Magazin

Jayrome C. Robinet (c)AliGhandtschi

Jayrôme C. Robinet

"Mein Weg von einer weissen Frau zu einem jungen Mann mit Migrationshintergrund" - dëst Buch stellt de Jayrôme C. Robinet den Owend am Institut Pierre Werner vir.

Dëst Buch ass eng Autofiktioun an erzielt dem Jayrôme C. Robinet säi Wee vun der jonker franséischer Fra zum Mann mat Migratiounshannergrond, deen elo zanter 20 Joer zu Berlin lieft a schafft. No enger Testosteronbehandlung gesäit de Schrëftsteller, Poetry Slammer, Dozent an Doktorand no baussen aus wie e Mann an huet seng Transitioun domat realiséiert. Datt dee Wee keen einfachen ass, an een nawell scho bal witzeg kann doriwwer erzielen, ouni den Eescht vun der Thematik Trans ze vernoléissegen - doriwwer erzielt de Jayrôme C. Robinet a sengem Buch an och am Institut Pierre Werner.

De Wuertkënschtler liest den Owend aus sengem Wierk an ënnerhält sech mam Sandy Artuso, déi an hirer Dissertatioun däitschsproocheg Autobiographië vun Trans*Persounen erfuerscht.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen