Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Nur Kinder, Küche, Kirche

De Kaleidoskop Theater huet seng Saison mat engem Stéck vum Dario Fo an der Franca Rame an däitscher Iwwersetzung mam Titel "Nur Kinder, Küche, Kirche" lancéiert. D'Stéck ass méi wéi aktuell an enger Mise en scène vum Florian Hackspiel. Mat op der Bühn sinn Actricë Rosalie Maes a Friederike Majerczyk am Schlass zu Beetebuerg ze gesinn. Déi nächst Virstellunge sinn den 19. an den 20. November. Méi Detailer mam Jean Claude Majerus.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen