Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Ass "dandy" nees trendy?

Eemol de Mount presentéiert de Michel Delage bei eis d'Emissioun "B-Radio". De 14. November geet et kuerz no 9:00 ëm de Sujet "Dandy". Den Dandyismus koum Mëtt vum 18. bis Ufank 19. Joerhonnert op, ee vu sengen éischte Vertrieder war de Beau Brummell, deen net manner wéi dräi Coiffeuren hat: ee fir d'Chienne, ee fir den Hannerkapp, ee fir d'Säiten; hie war géint Parfum a Bijouen, huet awer mat Schampes seng Schong gebotzt an e puermol den Dag d'Kleeder gewiesselt. D'Kerstin Thalau huet sech op d'Sich no der Relève vun den "Dandye" gemaach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen