Invité am Moies-Magazin

Dr. Erik Schneider a Caroline Pull

Intergeschlechtlechkeet - wann e Mënsch weder weiblech nach männlech ass. Dacks gouf relativ séier no der Gebuert, an entspriechend ouni d'Zoustëmmung vun der Persoun selwer, operéiert, egal ob d'Operatioun Liewen gerett huet oder net.

Wa keng vital Gefor besteet, ass et besser ze waarde bis de Mënsch ëm deen et geet selwer kann decidéieren, ob e wëllt operéiere loossen, oder ob et och esou an der Rei ass. D'Asbl Intersex an Transgender Luxembourg fuerdert e Gesetz fir de Schutz vun intergeschlechtleche Persounen. Iwwer Intergeschlechtlechkeet am Lëtzebuerger Kontext huet d'Nathalie Bender mat der Psychologin a Psychotherapeutin Caroline Pull a mam Dr. Erik Schneider geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Noriichten

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen