Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

LAA - Luxembourg Architecture Award

Wien duerch Lëtzebuerg fiert, verbënnt eist Land vläicht net op den éischte Bléck mat zäitgenëssescher Architektur. An awer, et gëtt se, déi innovativ Projeten, déi clever a kreativ Léisunge proposéieren. Mam Lëtzebuerger Architektur Präis ginn déi kreativ Käpp hannendrun ausgezeechent. Den 12. Dezember ass déi 8. Editioun. Bis dohinner ginn 173 Projete presentéiert, déi an de leschte Joren uechter d'Land gebaut goufen.

D'Projete sinn am LUCA, dem Lëtzebuerger Architektur Zentrum zu Hollerech, ze gesinn oder um Internet Site www.architectureaward.lu. Vun den 173 ganz diverse Baute goufen der 44 fir de LAA, Luxembourg Architecture Award, nominéiert. Ganz nei ass, datt all Mënsch seng eege Stëmm fir säi Favorit online kann ofginn. D'Lara Bousch mat  weideren Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen