Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

"De Mënsch, net d'Kapital, misst am Mëttelpunkt vun eise Rechter stoen"

Klengbauere musse gestäerkt ginn, soen Aktivisten aus West- an Zentralafrika. Si waren op Invitatioun vun der ONG SOS Faim zu Lëtzebuerg. Vill Klengbaueren hätten um lokale Marché keng Chancë géint d'Konkurrenz vu groussen, internationale Konzerner. Dat wier mat eng Ursaach fir Honger an Ongläichheeten a villen afrikanesche Länner. D'Rahel Könen huet mat dräi Aktivisten aus dem Mali, Niger a Kamerun geschwat.

Rezent Emissiounen

  • D'Liewensdauer vun de Saache verlängeren

    Beim Repair Café zu Esch kann een déi Saache flécke loossen, déi futti sinn, déi een awer nach net ewech geheie wëllt.

  • Kee Marcel Proust méi fir déi nei Generatiounen?

    Pisa-Etüd, Liesgewunnechten,  Liesloscht an Tablet-Klassen ...

  • Eng nei Interpretatioun vun engem Accord

    D'EU wëllt de Leader op der Welt sinn am Klimaschutz. Um EU-Sommet wollt een do parallel zu der Klimakonferenz een Zeeche setzen.

  • F91 spillt 1-1 bei Qarabag

    Ee Punkt auswäerts, an der Gruppephas vun der Europa League: dat ass absolut bemierkenswäert. Awer war d'Stëmmung am Diddelenger Lager éischter bedréckt.

  • De komplizéiertsten Deplacement vun der Campagne

    De Maurice Molitor ass mam F91 Diddeleng bis op Baku geflunn, wou se de leschte Match vun der Gruppephas an der Europa League spillen.

  • Coup de gueule Romain Schumacher

    Nach ni huet e Lëtzebuerger Veräin op deem Niveau gespillt, , an dat och nach zwee Joer noeneen. Trotzdem seet den Patron vum F91: "De Fussball zu Lëtzebuerg ass mausdout."

  • Les élections législatives en Grande-Bretagne

    Dans moins de deux heures les Britanniques commenceront à se diriger vers leurs bureaux de vote.

  • Si schiedlech Ëmweltaflëss Schold un ëmmer méi Kriibserkrankungen?

    Fir ze behandelen muss ee verstoen, firwat de Kriibs entstanen ass, seet den Dokter Achim Schuppert.

  • De Wiichtel Wumm

    Am Kannerbuch vum Jo Goergen ginn de Kanner d'Bedeitung an d'Virdeeler vun der Dréchemauer vermëttelt.

  • "Eis feelt d'Jugend"

    Am Kader vun der Darts-WM zu London huet de Pit Walté bei der Federatioun nogefrot, wéi et dem Lëtzebuerger Darts-Sport geet.

  • 5G zu Lëtzebuerg

    Firwat brauche mir d'5G-Technologie, déi fënneft Generatioun vum Standard fir mobil Daten a wéi eng Schrëtter mussen nach geholl ginn?

  • 40 Joer zesummen ënnerwee

    Fir de 40. Gebuertsdag huet d'Asti e flott Buch publizéiert zesumme mam lëtzebuergesche Karikaturist Guy W. Stoos.

  • "Eng sécher a spektakulär Connectioun"

    Enn 2020 soll mam Bau vun enger Vëlospist tëschent Esch a Belval ugefaange ginn. E Projet, dee 36 Milliounen Euro kascht.

  • Wéi lieft et sech mat enger rarer Krankheet?

    Zu Lëtzebuerg ginn et 7.000 ënnerschiddlech rar Krankheeten a 30.000 Leit sinn dovunner betraff. Zanter engem Joer gëtt et en nationale Plang fir concernéiert Leit.

  • Fall Christian Schleck

    D'CGFP wëllt am Fall Christian Schleck virun déi international Aarbechtsorganisatioun vun der Uno zéien. Dat sot de President Romain Wolff gëschter op der Conférence des comités.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen