Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

De Brian Welsh, Realisateur vu Beats, am Gespréich

Samschdes um 11 Auer gëtt op dëser Antenn nom Grousse Kino gesicht a gekuckt. Den Invité leschte Weekend war de schottesche Realisateur, deen elo grad mat sengem klenge Bijou "Beats" d'Kinosprogrammatioun eng Grimmel rëselt. De Film huet net just d'Rave-Zeen an de schottesche 1990er am Mëttelpunkt, mee och eng Frëndschaft tëschent zwee Bouwen. De Brian Welsh am Gespréich mam Tom Dockal.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen