
Déi Nominéiert vum Prix d'Art Robert Schuman 2019
Den 21. November iwwerreecht d'Asbl Quattropole, also den Zesummeschloss vun de véier Stied Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécken-Tréier, de 14. Prix d'Art Robert Schuman. All zwee Joer gëtt dofir an all Stad ee Curateur genannt, dee véier Artiste selektionéiert. D'Aarbechte vun alle 16 Kënschtler presentéiert 2019 emol nees d'Stad Lëtzebuerg, an zwar an der Villa Vauban an am Cercle Cité. D'Kerstin Thalau wollt vun der lëtzebuergescher Curatrice Stilbé Schroeder méi iwwer hire Choix, a vun hire véier Kënschtler méi iwwer hir Projete gewuer ginn.