Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Jean Muller um Fligel am Studio 8 vum radio 100,7

Concert mam Jean Muller am radio 100,7

Dräi Joer viru sengem Doud komponéiert de Bach säi Musikalescht Affer op Basis vun enger Melodie, déi him de Kinnek vu Preußen Friedrich II virgespillt huet. Dës Melodie huet esou e staarke Charakter, datt sech de Mozart an de Beethoven dorun inspiréiert hunn. D'Spueren dovu kann een an hire Partituren erëm fannen.

De Pianist Jean Muller deckt dës Tracen e Méindeg, den 2. Dezember um 19 Auer an engem kommentéierte Concert am Studio 8 vum radio 100,7 op. Um Programm stinn dem Bach säi sechsstëmmege Ricercar aus dem Musikaleschen Affer an dem Beethoven seng Sonat Nr. 32, Opus 111.

Plaze kann een iwwer d'Telefonsnummer (+352) 44 00 44 1 reservéieren.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen