Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Lëtzebuerger Sécessionisten am MNHA

De Begrëff Sécessioun gëtt net just an der Politik, mee och an der Konscht gebraucht: da bezeechent een d'Separatioun vun engem Kënschtlergrupp vun enger als net méi zäitgeméiss jugéierter Konschtrichtung. D'Lëtzebuerger Sécessioniste gehéieren haut zu de bekanntste nationale Kënschtler, wéi zum Beispill de Joseph Kutter oder den Auguste Trémont. Hiren zweete Salon war 1929, also viru genee 90 Joer, an dat gëtt nach bis den 22. Dezember am Nationalmusée um Fëschmaart mat enger Expo gefeiert. D'Kerstin Thalau ass vun de Curatrice méi gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen