Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Renovatioun vum Centre Ulysse

Bannen den nächsten zwou Woche sollen déi lescht 12 Obdachloser aus dem Centre Ulysse relogéiert gi sinn, hofft d'Caritas. D'Gebai um leschte Steiwer zu Bouneweg mécht da seng Dieren zou fir eng komplett Renovatioun. Ënner anerem well den Ofwaasser-System net méi funktionéiert. D'Diskussiounen tëschent der Caritas, dem Familljeministère a Bâtiments publics iwwer d'Zukunft vum Centre Ulysse lafen den Ament un. D'Françoise Keller mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen