Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Vergänglechkeet

De Prisma vun dëser Woch geet et ëm d'Vergänglechkeet. Heibäi steet virun allem Vergänglechkeet vum Mënsch am Virdergrond, an d'Fro wéi mir mat dëser Vergänglechkeet ëmginn. Heibäi dauche mer an d'Grondfroe vun der Philosophie an. Also Froe wéi: Wat heescht et ze liewen? Wat ass de Sënn vum Liewen?

Och wann et hei net wéi an de Wëssenschafte richteg a falsch Äntwerte ka ginn, kann et awer erhellend sinn, fir iwwerhaapt eng Kéier esou grondsätzlech Froen an de Bléck ze kréien, an se net just als onnëtz ofzedinn. Fir onsen Alldag sinn des Froen nämlech oft als onnëtz ofgestempelt. Hei beschäftege mer ons léiwer mat onse Projet, lenken ons of mat deem wat mer ze maachen hunn, ze schaffen hunn, ze plangen hunn oder och einfach duerch en Iwwerangebot un Divertissementer.

De Martin Heidegger, mat senger schwiereger a komplizéierter Philosophie wollt dat änneren. Hien wollt nees dat wesentlech an de Bléck kréien. Hien huet sech z.b. gefrot, ob d'Liewe just en "Vorlaufen zum Tode" ass? Also ass d'Liewe bestëmmt vu senger Endlechkeet? Och wann mir den Doud an der Reegel gären ausblenne géifen. An der Reegel och liewen, wéi wa mer onstierflech wieren, oder op mannst den Doud eppes ass wat ons net betrëfft, bis et ons da betrëfft. Mee vläicht gëtt et jo och heivir eng technesch Léisung, eng Méiglechkeet fir ons duerch Technik manner vergänglech ze maachen? Oder musse mer onser Angscht, virun der eegener Vergänglechkeet, duerch e Sprong an ee Glawen entgéinttrieden? Mee wat ass mat deene Leit déi net méi gleewen? Mat der Philosophie kënne mer ons froen, wat dat mat ons mécht, a wéi de Mënsch dem Phänomen begéint? Zu dësen an aneren existenzialistesche Froen, en Prisma vum Gilles Retter.

Rezent Emissiounen

  • Revolutioun - Theorie a Praxis

    Wat passéiert, wann aus enger Iddi Realitéit gëtt, wann eng revolutionär Iddi - an dësem Fall Anarchismus - sech duerchsetzt?

  • Lob der Sauna

    D'Sauna ass vill Leit eng Plaz fir z'entspanen. Mä geschitt mat eis wa mir an d'Sauna entspanen a schweesse ginn?

  • Vergänglechkeet

    Eng Analys vun der Fro wat den Doud ass a wat eis Vergänglechkeet mat eis mécht. Wéi wäit d'Verhältnis zum Doud eis Fräiheet bedéngt?

  • World Toilet Day

    Den 19. November ass World Toilet Day, wat d'Geleeënheet ass, fir haart iwwer dat nozedenken, wat mer all maachen, mee wou mer net driwwer schwätzen.

  • A wat ass dann elo dës Welt? E grousst Wierk feiert 200 Joer

    Virun 200 Joer gouf dem Philosoph Arthur Schopenhauer säin Haaptwierk "Die Welt als Wille und Vorstellung" fir d'éischt verëffentlecht ginn.

  • Wem dient Gewaltlosigkeit?

    In der Berichterstattung zu aktuellen Demonstrationen wird der Gewalt nur mehr mit Unverständnis begegnet. Taucht das Prinzip der Gewaltlosigkeit als Prisma politischer Analyse etwas?

  • Brexit - E Symptom vun eiser Zäit?

    De Brexit stellt eis viru vill Froen, net just praktescher, mee och abstrakter, iwwer d'Bezéiung vu Bierger a Politik.

  • Brexit - Cui bono?

    Wat géif den Machiavelli zum Brexit soen? Wann een déi zynesch Perspektiv vum politeschen Réalist unhëlt, wat kann een doraus léieren?

  • Brexit - Not a good start, Boris?

    Opportunist, Taktiker, oder einfach nëmmen e Clown? Wat stécht hanner dem Boris Johnson?

  • Apokalyps

    Eng Analys vun der Fro, firwat d'Mënschheet sech esou schwéier deet, hiren eegenen Ënnergang ze verhënneren.

  • John Muir - Papp vun den Nationalparken an den USA

    Den John Muir (1838-1915) gëllt als de "Papp vun de Nationalparken" an als Virreider vum modernen Ëmwelt- an Déiereschutz.

  • Was sieht der Mensch, wenn er in die Landschaft guckt?

    Alexander von Humboldt gilt als einer der wichtigsten Naturforscher und er legte den Grundstein für die heutige Naturwissenschaft.

  • All Mënsch an d'Kasär?

    Vum Service National Universel versprécht sech déi franséisch Regierung, hirer Jugend déi republikanesch Wäerter méi no ze bréngen. Mee ass dat wierklech déi beschte Method?

  • Den Trolley Problem

    Een Tram, eng Weich, an eng Entscheedung, déi een net net huelen kann - Den Trolley Problem ass e Klassiker ënner de moraleschen Dilemmaen.

  • Eng Welt ouni Grenzen?

    Wat sinn eigentlech Grenzen? A wéi eng Funktioun hu se fir eis? Kann ee sech eng Welt ouni Grenze virstellen oder si mir op se ugewisen?

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen