De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.
Ee Mount, een Thema
Thema vum Mount: Astronomie
Datt mer vill manner wëssen, wéi et ze wësse gëtt, wor engem grousse Wëssenschaftler wéi dem Newton kloer. An der Tëschenzäit si grouss Progrèse gemaach ginn, d'Technologië goufe verbessert an d'Fuerschung blouf net stoen. Trotzdeem gëtt et ëmmer nach esouvill erauszefannen an z'entdecken. Eng Aféierung an deen immens vasten Domain vun der Astrophysik gëtt den Astrophysiker Paul Scheuer, am Gespréich mam Cléo Thoma. (Rediff. um 19.30)
Rezent Emissiounen
-
D'Montée an de Fall vum Summer of Love
Bei Summer of Love denken déi meescht u Woodstock. Mee de Summer of Love ass awer scho vill méi fréi ugaangen a war do scho bal um Enn.
-
Woodstock - den Ufank war gemaach!
No Woodstock ass eng reegelrecht Festival-Zeen entstanen, déi aus de Mëssstänn vun August '69 geléiert huet. Villes gouf méi professionell.
-
Aus dem Chaos gouf eng Legend
Absolute Chaos, duerchgeknallten Improvisatiounen an eng iwwerfuerdert Organisatioun: d'Essenz déi aus Woodstock eng Legend gemaach hunn.
-
Woodstock an en déckt Lach an der Keess
Och wann d'Stëmmung gutt war, an déi 500.000 Leit um Woodstock-Festival "Love, Peace and Music" haten. Woodstock war um Enn e finanziellen Desaster.
-
Woodstock - déi laang Sich no engem Site
De Woodstock Festival dréit säin Numm eigentlech zu Onrecht - organiséiert gouf en op engem Terrain, dee 70 Km vu Woodstock ewech läit.
-
Woodstock Ventures - mir organiséieren e Festival
Véier Jonker hunn 1969 d'Iddi, e Rockfestival iwwer dräi Deeg ze organiséieren a grënnen dorops hi Woodstock Ventures.
-
Trauma Vietnam
De Krich am Vietnam ass an de 60er Joren en doninante Sujet an den USA. Dee militäreschen Engagement steet ëmmer méi an der Kritik.
-
Black Revolution
Houfreg, schwaarz ze sinn: an den USA vun de 60er Joren erhiewen ëmmer méi Leit d'Stëmm géint d'Rassendiskriminéierung.
-
1969
E Joer wéi keen anert. Ee Joer mat gudden Erënnerungen, mee och mat Evenementer, déi een zum Nodenke bréngen.
-
Master in Space
D'Uni Lëtzebuerg an d'Regierung maachen de Lien tëschent Fuerschung an Ekonomie.
-
One small step for men - One giant leap for mankind
Viru 50 Joer, den 21. Juli 1969 huet den amerikaneschen Astronaut Neil Armstrong als éischte Mënsch säi Fouss op de Mound gesat.
-
Astrologie - Philosophie oder Hokuspokus?
D'Perséinlechkeet analyséieren an Entwécklungschancen erkennen, dat ënnerscheet déi psychologesch a spirituell Astrologie vum Bléck an d'Glaskugel.
-
Vollmound an Neiliicht
Gi mir nom Mound? Mir ginn där Fro no.
-
Fly Me To The Moon
Liewen um Mound - nach eng Visioun, déi awer scho geschwënn Realitéit kéint ginn.
-
D'Minette am Weltraum
D'Luxembourg Space Agency an den ambitiéise Projet vum Space Mining.
Programm
-
Metal Meltdown
-
On air
Notturno
-
Musica Sacra - Musek fir den drëtten Advent
-
Noriichten
-
Early Bird
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen