Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Riicht eraus

Wéi eng Gesellschaft wëlle mer hei zu Letzebuerg fir déi nächst Joren, déi nächst Generatiounen? Wéi een Afloss huet d’Kris op déi Gesellschaft a wéi eng Prioritéite sollen oder mussen an der Gesellschaftspolitik gesat ginn?
Doriwwer an iwwer villes aneres gëtt haut an der Emissioun „Riicht eraus“ diskutéiert.
Invité ass den DP-Deputéierten a Stater Schäffen Xavier Bettel.
Moderatioun Jay Schiltz.
mat um 12.00 an 12.30 dem Noriichteniwwerbléck

Rezent Emissiounen

  • D'Roll vun der Arméi an enger méi onsécherer Welt?

    Patrick Heck, Dir. Defense, Jean-Marie Halsdorf / CSV-Dep., fréiere Verdeedegungsminister / Christian Schleck, Pres. Syndicat professionnel de l'armée luxembourgeoise.

  • Gewalt doheem

    Dr. Roland Seligmann, President Alupse / Pierrette Meisch, Direktesch Fondatioun Profamilia / Laurence Bouquet, Responsabel Service Riicht Eraus Croix Rouge

  • Pierre Gramegna

    Den DP-Finanzminister muss a ville Beräicher e Spagat maachen, sief et an der Budgetspolitik oder an der internationaler Steierpolitik.

  • En neit Gesetz fir eng besser Uni?

    Et diskutéieren den delegéierten Héichschoulminister Marc Hansen, d'CSV-Deputéiert Martine Hansen an de Raymond Bisdorff vun der Proffen-Associatioun APUL.

  • Bankesecteur: Business as usual?

    Nei Regulatiounen an d'Digitaliséierung bréngen nei Erausfuerderungen. D'Resultater si weider gutt, ma d'Stëmmung am Secteur ass schlecht.

  • Wéi eng Bedeitung hu Librairië fir d’Bild vun enger Haaptstad?

    “Eng Stad ouni anstänneg Librairien ass e Kaff” (Francis Wagner, Tageblatt, 17.05.2017)

  • Wunnengsmaart: wéi vill Interventionismus ass néideg?

    Et diskutéieren: Yves Cruchten (LSAP), Gary Diderich (déi Lénk), Félix Eischen (CSV), Max Hahn (DP).

  • Wéi eng Zukunft fir d'EU?

    Et diskutéieren: Frank Engel (CSV-Europadeputéiert), Jean-Claude Reding (President Chambre des Salariés) a Victor Weitzel (Europa-Expert).

  • Etienne Schneider

    Wéi eng Zukunft hunn déi sozialistesch a sozialdemokratesch Parteien an Europa? Dat ass een Thema am Gespréich mam Vize-Premier a Wirtschaftsminister.

  • Journalisteronn iwwer dräi an en halleft Joer Blo-Rout-Gréng

    D'Fënsteren oprappen: Dat war dat deklaréiert Zil vun DP, LSAP an déi gréng, no den Neiwahle vun 2013. Ass dat der Dräierkoalitioun gelongen?

  • François Bausch

    Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister fuerdert d'Bierger op, matzediskutéieren. Wéi dëse partizipative Prozess ofleeft, ë.a. doriwwer geet Rieds mam Minister.

  • Education artistique, een Zukunftsfach?

    De Konscht-Enseignant André Michaux an de Marc Barthelemy vum Educatiounsminstère diskutéieren iwwer d'Roll an d'Zukunft vun der Education artistique am Lycée.

  • D'Muecht vun de Buergermeeschteren

    Wéi kënne Buergermeeschtere Politik gestalten? Doriwwer diskutéieren d'Vera Spautz, den Edgard Arendt, de Jean-Paul Schaaf an de Jean-Pierre Kauffmann.

  • Hannert de Kulisse vum Theater zu Lëtzebuerg

    "Lëtzebuerg muss säi Mannerwäertegkeetskomplex lassginn": D'Theaterexperte Carole Lorang an Olivier Garofalo diskutéieren.

  • Dan Kersch

    De Sträit iwwer d'Kierchefabricken ass nach net eriwwer. Gleeft den Inneminister drun, dee Sak nach an dëser Legislaturperiod zouzekréien?

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen