Konferenzen
Yin a Yang | Feier a Waasser | Arthur Unger
Säi Beruff hat den Arthur Unger (1932) Mëtt den 1950er Joren op den afrikanesche Kontinent, an de Belsche Kongo, verschloen. 1960 kënnt hien zeréck an Europa, wou hie sech spéider berufflech zu Paräis installéiert. Hei gëtt de Konschtintresséierte mam artistesche Milieu konfrontéiert, et ass och do, wou hie seng éischt Zeechnungen a Gouachen an Encres de Chine realiséiert.
Zeréck zu Lëtzebuerg 1968 entwéckelt den Arthur Unger e Procedé fir op elektrolytesche Koffer ze zeechnen, hien nennt dat Pyrochimiogrammen. Seng Renconter 1970 zu Paräis mam bekannte franséische Konschtkritiker Michel Tapié war decisiv fir seng Weiderentwécklung, souwuel am artistesche wéi och am deegleche Liewen.
Opgeholl a verschafft vum Carlo Link. (Eng Rediffusioun vum 15. August 2018)
Arthur Unger © Carlo Link
Site vum Kënschtler: http://arthurunger.com
Dräi wichteg international Kontaktpersoune vum Arthur Unger (Ante Glibota, Michel Tapié a Fernando Arrabal)
Episoden
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020
"Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix", ee Virtrag vum Ralph Lange am Musée Dräi Eechelen
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020
"Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix", ee Virtrag vum Ralph Lange am Musée Dräi Eechelen

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto
