Musek am Gespréich
Alexander Mullenbach
Den 23. Januar 2019 krut den Alexander Müllenbach 70 Joer. Seng éischt Statioun war de Stater Conservatoire, éiert hien, nach als Teenager, op Paräis un de Conservatoire National Supérieur studéiere gaangen ass. 1970 gëtt hie Professer fir Piano am Stater Conservatoire, entscheet sech spéider säi Wunnsëtz op Salzburg ze verleeën, wou hien um Mozarteum Kompositioun, Tounsaz an Improvisatioun enseignéiert.
Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt den Alexander Müllenbach en Abléck a säi Liewen, d'Bedeitung vum Piano a sengem Alldag, seng Tâche als Enseignant a seng Vue op d'Inspiratioun.