Radioen

On air

9 bis 1  |  FKA Twigs - Perfect Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen

Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen

Vun de Piratesender, oder och Schwaarzsender genannt, ginn et méi Typpen. Mir wëllen eis awer haut hei nëmme reng op d'Geschicht vun de kommerzielle Musek's-Statiounen an Europa konzentréieren, déi an den 1960er Joren, ausserhalb vun der Dräi Meilen Zon, deemno aus den internationale Gewässer hir Programmer vun engem Schëff, oder vun enger Maritimmer-Plattform aus, a Richtung Land diffuséiert haten.

Déi klassesch Séisender, och Piratesender genannt, hate sech an Europa an den 1960 Joren entwéckelt, virun allem a Groussbritannien, wou sech virdru virbildlech fir Europa, eng ganz aner Radiokultur wéi an den USA geherrscht huet. Hei hat d'British Broadcasting Corporation, kuerz BBC, déi bis haut den Idealmodell vum ëffentlech-rechtleche Radio duerstellt, de Monopol. Bei der BBC war deemools Massekultur, am Géigesaz zu der Héichkultur, een negativ besater Begrëff. Zënter de 1950er, wéi de Rock'n Roll opkoum, fir deen d' BBC näischt iwwreg hat, ass dëse bal nëmmen op der privat Statioun aus Lëtzebuerg, dem Radio-Luxembourg 208, oder um US-amerikaneschen d'Zaldoten-Sender, AFN, gelaf. Dës Radiostatiounen, déi méi oder manner am Kinnekräich gutt ze empfänke waren, goufe vun der brittescher Regierung net gedult, vir si gëllen se och als Piratesender, déi an hire Raum agedronge sinn.

1965 gouf den sougenannten "Accord européen pour la répression des émissions de radiodiffusion effectuées par des stations hors des territoires nationaux", vum Europarot ënnerschriwwen. D'Ratifizéierung vun den eenzele Memberstaaten ass jee nodeem méi spéit erfollegt. Esou zum Beispill an Holland eréischt 1974.

"Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen", eng Radio-Dokumentatioun, zesummengestallt a presentéiert vum Carlo Link.

Mat dobäi an der Emissioun, a verschiddenen Extraiten iwwer Telefon, de Medien-Expert, Hans Knot vun der Uni-Groningen aus den Niederlanden. De ganzen Interview, mat dem Hans Knot, kann hei an enger separater Audio-File, gelauschtert ginn. Nostalgesch Erënnerunge ginn et dann och nach vun enger Auditrice vun deemools, der Cynthia van Raaij.

Historesch Toundokumenter, "Tunes", gemengt sinn Indikativer, Musek, an Jingelen aus där Zäit, ënnermolen dat Ganzt.

Playlist (ausgespillten Titelen) :


Siw Malmkvist - Lât Bli, Sluta Spela
The Horse - Cliff Nobles & Co (Veronica-Tune)
Percy Faiths Orchestra - Crunchy Granola Suite (Veronica-Tune)
Georgie Fame - Yeh Yeh
The Animals - House of the Rising Sun
The Reed Orchestra - Man o Action (Radio Nordsee International-Tune)


Autocollante vum hollännesche "Radio Veronica"

Den Discjockey, Norman St. John, am "One-Man-On-Studio" vum "Wonderful Radio London" um Schëff "M.V. Galaxy", virum Mikro a Mëschpult, mat zwee Plackespiller, dräi "Cartridge" Kassette-Player an enge helle Wull vu Kassetten wou, Publicitéit an Jingles drop waren.

Ganzen Interview, Hans Knot, Uni-Groningen (NL) : Carlo Link / Hans Knot (01/07/2020)

Internet Säit vum Hans Knot : https://www.hansknot.com



Episoden

Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?

Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn, a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun?

Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?

Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn, a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun?

Koexistenz Mënsch-Wollef - Realismus oder Utopie?

Ass d'Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef, am dicht besidelen Europa, méiglech?

Corona, Pescht a Cholera - eng Geschicht vu Pandemien

Den Historiker Roger Seimetz beliicht déi vergaangen an déi aktuell Pandemien.

Corona, Pescht a Cholera - eng Geschicht vu Pandemien

Den Historiker Roger Seimetz beliicht déi vergaangen an déi aktuell Pandemien.

Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020

"Le sens musical de la joie religieuse", Dom Michel Jorrot - Abt vun der Benediktiner Abtei vu Clierf

Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020

"Le chant grégorien: des origines à nos jours", Olga Roudakova

Der Tod hat immer Zukunft - Grabkulturen im Wandel

"Totgedenken im Wandel der Zeit - Krematorium, Souvenirgärten, Waldfriedhöfe, muslimischer Platz usw."

Kulturgeschicht(en) op Vinyl

Lëtzebuerger Ouerewierm an hirer Zäit: e Virtrag vum Georges Urwald

Corona, Pescht a Cholera - Viren, Bakterien a Kränkten

Eng Geschicht vu Pandemien - Virtuell Konferenz vum 24. November 2020 mam Historiker Roger Seimetz

Pierre Birnbaum: "La leçon de Vichy" - Entretien

La question juive et l'État français - Débat entre Pierre Birnbaum et Vincent Artuso du 15 octobre 2020

Les Rendez-vous de L'UNESCO 2020: Art nouveau

Le patrimoine architectural du XXe siècle: Art nouveau, art total aux multiples facettes

Histoire des Médias au Luxembourg

"Radio et télévision aux 20e et 21e siècle" vum Yves Steichen an de Rotonden de 14. Oktober

Cercle Européen Pierre Werner - Conférence - 7.10.20 - St. Vith

Évolution à court et à moyen terme de l'économie luxembourgeoise

Les Rendez-vous de L'UNESCO 2020: Art nouveau

Le patrimoine architectural du XXe siècle : Art nouveau. Konferenz vum 5. Oktober 2020 mat der Konschthistorikerin Muriel De Groef

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7)

D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Literaturbetrib an den 1960er a 1970er Joren - Fabienne Gilbertz
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (6)

Konschtgeschicht vun 1980 bis haut: Eng Aventure mat Iwwerraschenden Entwécklungen - Enrico Lunghi
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (5)

Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) - Yves Steichen
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (4)

Fabio Spirinelli: Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum Nation Building zum Nation Branding
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3)

Weider mam Jabel - Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich. Eng Konferenz vum Fernand Fehlen
headphones

57 min

play_arrow