Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Nightmare

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen

Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen

Vun de Piratesender, oder och Schwaarzsender genannt, ginn et méi Typpen. Mir wëllen eis awer haut hei nëmme reng op d'Geschicht vun de kommerzielle Musek's-Statiounen an Europa konzentréieren, déi an den 1960er Joren, ausserhalb vun der Dräi Meilen Zon, deemno aus den internationale Gewässer hir Programmer vun engem Schëff, oder vun enger Maritimmer-Plattform aus, a Richtung Land diffuséiert haten.

Déi klassesch Séisender, och Piratesender genannt, hate sech an Europa an den 1960 Joren entwéckelt, virun allem a Groussbritannien, wou sech virdru virbildlech fir Europa, eng ganz aner Radiokultur wéi an den USA geherrscht huet. Hei hat d'British Broadcasting Corporation, kuerz BBC, déi bis haut den Idealmodell vum ëffentlech-rechtleche Radio duerstellt, de Monopol. Bei der BBC war deemools Massekultur, am Géigesaz zu der Héichkultur, een negativ besater Begrëff. Zënter de 1950er, wéi de Rock'n Roll opkoum, fir deen d' BBC näischt iwwreg hat, ass dëse bal nëmmen op der privat Statioun aus Lëtzebuerg, dem Radio-Luxembourg 208, oder um US-amerikaneschen d'Zaldoten-Sender, AFN, gelaf. Dës Radiostatiounen, déi méi oder manner am Kinnekräich gutt ze empfänke waren, goufe vun der brittescher Regierung net gedult, vir si gëllen se och als Piratesender, déi an hire Raum agedronge sinn.

1965 gouf den sougenannten "Accord européen pour la répression des émissions de radiodiffusion effectuées par des stations hors des territoires nationaux", vum Europarot ënnerschriwwen. D'Ratifizéierung vun den eenzele Memberstaaten ass jee nodeem méi spéit erfollegt. Esou zum Beispill an Holland eréischt 1974.

"Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen", eng Radio-Dokumentatioun, zesummengestallt a presentéiert vum Carlo Link.

Mat dobäi an der Emissioun, a verschiddenen Extraiten iwwer Telefon, de Medien-Expert, Hans Knot vun der Uni-Groningen aus den Niederlanden. De ganzen Interview, mat dem Hans Knot, kann hei an enger separater Audio-File, gelauschtert ginn. Nostalgesch Erënnerunge ginn et dann och nach vun enger Auditrice vun deemools, der Cynthia van Raaij.

Historesch Toundokumenter, "Tunes", gemengt sinn Indikativer, Musek, an Jingelen aus där Zäit, ënnermolen dat Ganzt.

Playlist (ausgespillten Titelen) :


Siw Malmkvist - Lât Bli, Sluta Spela
The Horse - Cliff Nobles & Co (Veronica-Tune)
Percy Faiths Orchestra - Crunchy Granola Suite (Veronica-Tune)
Georgie Fame - Yeh Yeh
The Animals - House of the Rising Sun
The Reed Orchestra - Man o Action (Radio Nordsee International-Tune)


Autocollante vum hollännesche "Radio Veronica"

Den Discjockey, Norman St. John, am "One-Man-On-Studio" vum "Wonderful Radio London" um Schëff "M.V. Galaxy", virum Mikro a Mëschpult, mat zwee Plackespiller, dräi "Cartridge" Kassette-Player an enge helle Wull vu Kassetten wou, Publicitéit an Jingles drop waren.

Ganzen Interview, Hans Knot, Uni-Groningen (NL) : Carlo Link / Hans Knot (01/07/2020)

Internet Säit vum Hans Knot : https://www.hansknot.com



Episoden

Die Neuentdeckung des Himmels

"Auf der Suche nach fremden Welten und fremden Lebewesen"

Die Neuentdeckung des Himmels

"Auf der Suche nach fremden Welten und fremden Lebewesen"

Forum Z - Visualising history

Historesch Molereien, 3D-Rekonstruktiounen, virtuelle Welten a Zäitmaschinnen

Les Rendez-vous de l'UNESCO

"Through the Looking Glass" - Iwwerleeungen a Geschichten zum Thema Fraen a Fotojournalismus

Europa - wat en Theater

Am Virfeld vun den Europawahlen diskutéiere Lëtzebuerger Kënschtler iwwer Europa.

Europa - wat en Theater

Am Virfeld vun den Europawahlen diskutéiere Lëtzebuerger Kënschtler iwwer Europa.

Les Rendez-Vous de l'UNESCO

"A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.

Les Rendez-Vous de l'UNESCO

"A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.

ForumZ - Who's afraid of the digital?

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

Vom Leben in der Arktis im Griff des Klimawandels. Eng Konferenz vum Dr. Benoît Sittler de 6. November 2018 am Natur Musée am Gronn (MNHN).

Luxembourg Art Week 2018

"Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

Luxembourg Art Week 2018

"Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

Luxembourg Art Week 2018

"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

Luxembourg Art Week 2018

"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

Luxembourg Art Week 2018

"Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

Luxembourg Art Week 2018

"Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

Den Talk Radio Day am Mudam

Zum Thema "Den Design als Lien tëschent Handwierk an Industrie" haten um Talk Radio Day am Mudam Kreativer interessant Aussoe gemaach.

ForumZ - Lost Memories of World War 1

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

D'Stolproduktioun zu Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

Am November 1918, viru genee 100 Joer, ass no véier Joer den éischten industrielle Krich vun der Mënschheetsgeschicht op en Enn gaangen.

Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.