Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Phoebe Rings - Daisy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen

Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen

Vun de Piratesender, oder och Schwaarzsender genannt, ginn et méi Typpen. Mir wëllen eis awer haut hei nëmme reng op d'Geschicht vun de kommerzielle Musek's-Statiounen an Europa konzentréieren, déi an den 1960er Joren, ausserhalb vun der Dräi Meilen Zon, deemno aus den internationale Gewässer hir Programmer vun engem Schëff, oder vun enger Maritimmer-Plattform aus, a Richtung Land diffuséiert haten.

Déi klassesch Séisender, och Piratesender genannt, hate sech an Europa an den 1960 Joren entwéckelt, virun allem a Groussbritannien, wou sech virdru virbildlech fir Europa, eng ganz aner Radiokultur wéi an den USA geherrscht huet. Hei hat d'British Broadcasting Corporation, kuerz BBC, déi bis haut den Idealmodell vum ëffentlech-rechtleche Radio duerstellt, de Monopol. Bei der BBC war deemools Massekultur, am Géigesaz zu der Héichkultur, een negativ besater Begrëff. Zënter de 1950er, wéi de Rock'n Roll opkoum, fir deen d' BBC näischt iwwreg hat, ass dëse bal nëmmen op der privat Statioun aus Lëtzebuerg, dem Radio-Luxembourg 208, oder um US-amerikaneschen d'Zaldoten-Sender, AFN, gelaf. Dës Radiostatiounen, déi méi oder manner am Kinnekräich gutt ze empfänke waren, goufe vun der brittescher Regierung net gedult, vir si gëllen se och als Piratesender, déi an hire Raum agedronge sinn.

1965 gouf den sougenannten "Accord européen pour la répression des émissions de radiodiffusion effectuées par des stations hors des territoires nationaux", vum Europarot ënnerschriwwen. D'Ratifizéierung vun den eenzele Memberstaaten ass jee nodeem méi spéit erfollegt. Esou zum Beispill an Holland eréischt 1974.

"Piratesender, Populär-Musek an Discjockeyen", eng Radio-Dokumentatioun, zesummengestallt a presentéiert vum Carlo Link.

Mat dobäi an der Emissioun, a verschiddenen Extraiten iwwer Telefon, de Medien-Expert, Hans Knot vun der Uni-Groningen aus den Niederlanden. De ganzen Interview, mat dem Hans Knot, kann hei an enger separater Audio-File, gelauschtert ginn. Nostalgesch Erënnerunge ginn et dann och nach vun enger Auditrice vun deemools, der Cynthia van Raaij.

Historesch Toundokumenter, "Tunes", gemengt sinn Indikativer, Musek, an Jingelen aus där Zäit, ënnermolen dat Ganzt.

Playlist (ausgespillten Titelen) :


Siw Malmkvist - Lât Bli, Sluta Spela
The Horse - Cliff Nobles & Co (Veronica-Tune)
Percy Faiths Orchestra - Crunchy Granola Suite (Veronica-Tune)
Georgie Fame - Yeh Yeh
The Animals - House of the Rising Sun
The Reed Orchestra - Man o Action (Radio Nordsee International-Tune)


Autocollante vum hollännesche "Radio Veronica"

Den Discjockey, Norman St. John, am "One-Man-On-Studio" vum "Wonderful Radio London" um Schëff "M.V. Galaxy", virum Mikro a Mëschpult, mat zwee Plackespiller, dräi "Cartridge" Kassette-Player an enge helle Wull vu Kassetten wou, Publicitéit an Jingles drop waren.

Ganzen Interview, Hans Knot, Uni-Groningen (NL) : Carlo Link / Hans Knot (01/07/2020)

Internet Säit vum Hans Knot : https://www.hansknot.com



Episoden

Dem Buddha seng Ae gesinn alles

An dräi Etappen duerch den Nepal. Eng Reportage aus dem Joer 1999 - mat Originaltéin an traditionneller Himalaya-Musek - vum Georges Hausemer.

Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

Quand les hôteliers adoptent l'Art déco

Eng Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Art déco au Luxembourg" am MNHA vun der Dr. Antoinette Lorang

L'Art déco - expression ornementale du modernisme

Eng Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Art déco au Luxembourg" am MNHA vum Dr. Robert L. Philippart

Wien e Liewe rett, dee rett d'Welt

Dem portugiseschen Diplomat Aristides de Sousa Mendes seng humanitär Verdéngschter, och ëm de Grand-Duché. Eng Konferenz vum Jeff Baden.

Vum Zollveräin bei d'Bankenunioun!

Eng Konferenz vum Professer Dr. Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg am Kader vum Zyklus En neie Bléck op d'Lëtzebuerger Geschicht

En neie Bléck op d'Lëtzebuerger Geschicht

Vun engem Agrarland an en Industriestaat. E Virtrag vum 21. Februar am City Museum vum Professer Dr. Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg.

E musikalesch-litteraresche Galopp

E musikalesch-litterareschen Hommage un dat nobelt Déier Päerd.

David et Goliath

Ee Resumé vum Internationale Colloque den 19. an 20. Abrëll iwwer de Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an den Däitschen Zollveräin (1842-1918).

Forum Z - MAI 68 - Entre mythe et fait social (2. Deel)

Wat fir eng Auswierkungen hat de Mee '68 an Europa a besonnesch zu Lëtzebuerg? E Ronndëschgespréich an der Abtei Neimënster.

Forum Z - MAI 68 - Entre mythe et fait social (1. Deel)

Love, Peace and Protest-Songs, Chanson und Lieder der Generation '68, e Virtrag vum BRF-Musekredakteur Hans Reul an der Abtei Neimënster.

Yin a Yang | Feier a Waasser | Arthur Unger

De Feier- a Waassermoler erkläert ënner anerem wéi hien d'Dualitéit duerch seng artistesch Entwécklung och fir seng Liewensweis entdeckt huet.

Déi éischt Iechternacher Festspiller vun 1935

E Virtrag vun der Germaine Goetzinger am Kader vu Judeum Epternacum - Erënnerungen un déi jüddesch Geschicht vun Iechternach.

Yin a Yang | Feier a Waasser | Arthur Unger

De Feier- a Waassermoler erkläert ënner anerem wéi hien d'Dualitéit duerch seng artistesch Entwécklung och fir seng Liewensweis entdeckt huet.

Mitten unter uns - die Schicksalsgeschichte der Familie Juda

E Virtrag vum Henri Juda am Kader vu Judeum Epternacum - Erënnerungen un déi Jüddesch Geschicht vun Iechternach.

Regentinnen hören auf, Frauen zu seyn, sobald sie den Thron besteigen

Maria Theresia und die Ordnung der Geschlechter. E Virtrag vun der Barbara Stollberg-Rilinger an der Maison des Sciences um Campus Belval.

All déi Nimm, all déi extra Saachen

Normal 0 21 false false false DE JA X-NONE

Es lebe die Herrin, unser König

Maria Theresias Herrschaft im Spannugsfeld der Geschlechter. E Virtrag vum 22. November 2017 vun der Dr. Sandra Hertel.

De Londoner Kongress 1867

E wichtegen Datum an eiser Geschicht. Eng Konferenz vum Historiker a radio 100,7 Mataarbechter Roger Seimetz.

Le cœur et la raison - ou la réforme incarnée

E Virtrag vum Dr. Claude de Moreau de Gerbehaye am Kader vun der Ausstellung "300 Jahre Maria Theresia - La Femme aux multiples couronnes".