Radioen

On air

Notturno  |  Michel Meis 4tet - Kaboom Feat. Theo Ceccaldi

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Adrien Meisch (1930 - 2020): e Liewe fir d'Diplomatie an d'Musek

Adrien Meisch (1930 - 2020): e Liewe fir d'Diplomatie an d'Musek

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

© Marc Theis

Den Adrien Meisch huet ufanks als Attaché am Ausseministère geschafft, duerno an der Stänneger Vertriedung zu New York, zu Bréissel, bei der OECD a bei der NATO. Hie koum hannescht op Lëtzebuerg a war ënner anerem Direkter fir politesch Affären am Ausseministère.

Vun 1971 u war hien Ambassadeur op verschiddene Plazen:

1971-1974 zu Moskau, zoustänneg fir d'Sowjetunioun, Finnland a Polen
1974-1983 zu Washington, zoustänneg fir d'USA, Kanada a Mexiko
1983-1991 zu Bonn
1991-1995 zu Berlin
1995-1998 nees zu Moskau (dunn: Russesch Federatioun)

Den Adrien Meisch huet an der Diplomatie, grad wéi duerch säi kosmopolitescht Wiesen an och duerch seng kulturell Astellung vill fir Lëtzebuerg erreecht. Dozou zielen absënns seng Treffen zu Moskau mat Museker an Intellektuelle wärend dem Kale Krich. Och méi spéit huet hien an Däitschland an an den USA d'Prominenz aus der Politik an der Wirtschaft mat Kënschtler op Receptiounen an der Ambassade zesummebruecht. Hie war en douéierte Pianosspiller an huet op Receptioune Concerten zesumme mat senger Fra Candace Johnson ginn, déi gesongen huet. Op dës kulturell a gesellschaftlech Manéier konnt hie seng Gäscht fir Lëtzebuerg interesséieren.

An enger Rediffusioun vun der Emissioun "Erlieft a Verzielt" vum Carlo Link aus dem Joer 2014, erënnere mir un dës Lëtzebuerger Perséinlechkeet a Welt-Bierger.

Episoden

Die Revolution hat ein weibliches Gesicht

Die Revolution hat ein weibliches Gesicht

Der Fall Belarus - Olga Shparaga: Gespräch vom 9. März 2022 mit der Philosophin Olga Shparaga im Institut Pierre Werner (IPW)
headphones

57 min

play_arrow
Les Amnésiques - Géraldine Schwarz

Les Amnésiques - Géraldine Schwarz

Entretien du premier février 2022 avec l'autrice, journaliste et réalisatrice Géraldine Schwarz à l'Institut Pierre Werner (IPW)

Titanic - Ënnergang virun 110 Joer

Titanic - Ënnergang virun 110 Joer

De Mythos vun engem Luxusliner, deen nimools ënnergoe sollt.
headphones

57 min

play_arrow
Titanic - Ënnergang virun 110 Joer

Titanic - Ënnergang virun 110 Joer

De Mythos vun engem Luxusliner, deen nimools ënnergoe sollt.
headphones

57 min

play_arrow
Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet - Ronndëschgespréich

Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet - Ronndëschgespréich

Am Kader vum UNESCO-Konferenzzyklus "Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information"
headphones

56 min

play_arrow

Jean-Pierre Pescatore (1793-1855) ...

... en (on)typesche Representant vun der Bourgeoisie. Eng Konferenz vun der Historikerin a Germanistin Josiane Weber de 15. November am Cercle Cité

La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives

Presentatioun vun der Bibel op Franséisch am Joer 2020. Eng liturgesch Iwwersetzung mat Erklärungsnotizen. Koordinator: Père Henri Delhougne.

Kriegsfotografie - Die Grenzen des Abbildbaren

Konferenz vun der Fotografin Ursula Meissner, am Kader vun der World Press Photo an der Abtei Neimënster

Ikonen der Pressefotografie

Konferenz vum Historiker, Prof. Dr. Gerhard Paul am Kader vun der World Press Photo an der Abtei Neimënster

Zukunft Europas - Institut Pierre Werner (IPW)

Deutschland und Frankreich: Motor der Integration oder Schreckbild einer Hegemonie?
L'éthique dans la société de l'information

L'éthique dans la société de l'information

Am Kader vum UNESCO-Konferenzzyklus: "Mankind and Media - Rethinking the Roles in the Age of Information"
headphones

10 min

play_arrow

Zukunft Europas - Institut Pierre Werner (IPW)

Deutschland und Frankreich: Motor der Integration oder Schreckbild einer Hegemonie? Expertenrunde blickt auch auf Bundestagswahl zurück.

Konferenz zur Zukunft Europas

Eng Diskussioun tëschent dem Ausseminister Jean Asselborn, dem däitsche Staatsminister fir Europa, Michael Roth a jonke Leit

Propagandistesch Messagen a Comics

Am Kader vum UNESCO-Konferenzzyklus: "Mankind and Media - Rethinking the Roles in the Age of Information"

Wéi sinn d'Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Geschicht?

Ronndëschgespréich am Kader vum Archivmount 2021 vum Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten, kuerz VLA.

Wéi sinn d'Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Geschicht?

Ronndëschgespréich am Kader vum Archivmount 2021 vum Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten, kuerz VLA.

Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa

Eng Diskussioun tëschent dem Ausseminister Jean Asselborn, dem däitsche Staatsminister fir Europa, Michael Roth a jonke Leit

Luxemburgs Exilregierung und die Entdeckung des Demokratiebegriffs

Den Auteur André Linden am Gespréich mat der Prof. Dr. Sonja Kmec, am Kader vun der Serie "Geschichte" vum Institut Pierre Werner (IPW)

"Luxemburgs Exilregierung und die Entdeckung des Demokratiebegriffs"

Den Auteur André Linden am Gespréich mat der Prof. Dr. Sonja Kmec, am Kader vun der Serie "Geschichte" vum Institut Pierre Werner (IPW)