Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (6)
56 min
Enrico Lunghi © Carlo Link
De lëtzebuergesche Konschtbetrib war bis an d'1980er Jore vun éischter provënziellem Charakter. Dëst huet sech mat der Vergréisserung vun der Europäescher Unioun an dem Opschwong vum Land als Finanzplaz fundamental verännert. Der Regierung hir Decisioun fir d'Grënnung vum Centre d'art contemporain am Joer 1989, genee wéi d'Deelhuelen un de Biennalen zu Venedeg zanter 1988, steet a Verbindung mat enger wuessender internationaler Oppenheet vum Land.
Am Kulturjoer 1995 an trotz dem Stëllstand am Projet Pei-Musée, gëtt d'Konscht ëmmer méi e feste Bestanddeel vum Liewen zu Lëtzebuerg. Eng Entwécklung, déi ugedriwwe gëtt vun der Ouverture vum Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain am Mäerz 1996. Am éischte Joerzéngt vu sengem Bestoen huet de Mudam dës Positioun weider verstäerkt.
D'Konferenz vum Konschthistoriker an Auteur Enrico Lunghi verfollegt déi grouss Momenter vum aussergewéinleche Parcours vun der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg zeréck.
Opgeholl den 10. Februar am CAPE zu Ettelbréck a verschafft vum Carlo Link.
Begleetmaterial zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/12/30-joer-konschtgeschicht-enrico-lunghi_73b827.pdf
Audio-Extrait Nr. 1: Ausstellungen "Casino Luxembourg - Forum d'Art contemporain"
Audio-Extrait Nr. 2: Ausstellungen MUDAM
Audio-Extrait Nr. 3: Suite Geschicht MUDAM a Conclusiounen
Episoden
De Wee vum Text
"De Wee vum Text" war de Sujet den 8. Mee op enger Table ronde op de Mierscher Theaterdeeg am Mierscher Kulturhaus.
Welche Zukunft wollen wir? Die Smart City und die Zukunft unserer Städte
Eng Diskussioun mam Niklas Maak a Florian Hertweck, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner (IPW) an der Abtei Neimënster. "Zwischen Klimawandel und digitaler Revolution".
Guy Wagner - Winterreise
Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016) vum 7. Mee am Trifolion, Iechternach
Op eemol ass alles anescht!
Wat maache Verännerunge mat eis? Am Alldag, an der Gesellschaft, an der Schoul, an der Kierch?
![Guy Wagner - Winterreise](/legacy/images/28232/image-thumb__28232__base_thumbnail/2021-05-07_Guy_Wagner_Copyright_Falk_Nordmann_Webseite.7c19eaa0.jpg)
Guy Wagner - Winterreise
Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016)
![Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter](/legacy/images/28016/image-thumb__28016__base_thumbnail/2021-03-12_Theater_Fake_Facts_Copyright_Shutterstock_Webseite_07.a94e60a8.jpg)