Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Histoire des Médias au Luxembourg

Histoire des Médias au Luxembourg

Yves Steichen (am Hannergrond de Jean Octave 1982 an der Emissioun Hei Elei Kuck Elei op RTL, déi eemol d'Woch sonndes koum) © Carlo Link

Zur Geschicht vu Radio an Televisioun zu Lëtzebuerg:

Als éischt muss een tëschent dem RTL Group (fréier CLR/CLT) a RTL Lëtzebuerg mat de Sendere RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Télé Lëtzebuerg, déi zum RTL Group gehéieren, ënnerscheeden. D'Privatentreprise CLR/CLT kritt 1930 déi staatlech Konzessioun (an den de facto Monopol), fir vu Lëtzebuerg aus eng Radio Gesellschaft ze bedreiwen, zu där vun 1959 (Radio) resp. 1969 (Tëlee) un och déi zwee eenzeg lëtzebuergesch Programmer gehéieren. Bis ufanks den 90er Jore gouf et also just zwee lëtzebuergesch Senderen hei am Land. 1991 ännert sech dat duerch d'Liberaliséierung vun de Frequenzen - de Monopol gëtt opgebrach an nei Senderen entstinn.

Richteg interessant gëtt et 1929 - also relativ spéit, wann ee bedenkt, datt de Radio als Kommunikatiounsmedie schonn zanter de fréien 20er Jore verbreet ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet de kommerziellen Interessi erkannt, zu Lëtzebuerg e Radiosender respektiv eng Radio Gesellschaft entstoen ze loossen a beschléisst e Gesetz, dat d'Situatioun reguléiere soll a virgesäit, datt d'Schafung vun engem neie Radiosender zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun vun der Regierung brauch. Engersäits wëllt een international net à l'Ecart stoen a sech dëse Maart mat enger neier Source de Revenu net entgoe loossen, anerersäits gesäit een awer och nach kee Besoin fir e lëtzebuergeschen Nationalsender.

Dat, wat een also erlaabt, ass d'Schafung vun enger internationaler Gesellschaft (mat haaptsächlech franséischem Kapital) zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg aus an Europa senden däerf - mat virgeschriwwener Neutralitéit. Doduerch entsteet eng win-win-Situatioun: D'Lëtzebuerger Regierung muss keng Suen ausgi fir den Opbau vun enger Radiostatioun, kann awer Steiere kasséieren.

( ..... )

1991 - Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenzen -

Mam Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenze verléiert RTL säi Monopol. Privat wéi ëffentlech-rechtlech Sender kënnen elo entstoen. Als Beispill sief den 100komma7 genannt, en ëffentlech-rechtleche Sender mat soziokulturellem Schwéierpunkt , entstanen op Initiativ vun der Regierung. De "Papp" vum 100komma7 (deemools: De soziokulturelle Radio) ass de Kulturminister Robert Krieps. D'Iddi vun engem Kultur-Radio, dee vum Staat bezuelt gëtt, ass e wichtegt Instrument fir d'Stimuléierung vun der kultureller Produktioun.
Weider nei Sendere sinn den DNR (Den neie Radio) als Alternativ zu RTL, den Eldoradio als Sender fir déi Jonk, de scho genannte Radio Ara, deen nieft Lëtzebuergesch och op Englesch sent, a Radio Latina, dee fir déi portugisesch Matbierger Emissiounen op Portugisesch huet.

Éischte Logo vum soziokulturelle Radio - honnert,7

D'Konferenz vum Yves Steichen, Historiker am Departement fir Film-TV vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA), déi mat villen Extraiten aus audiovisuellen Dokumenter aus den CNA Fonge gepräägt war, hat en Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun der Geschicht vu Radio an Tëlee zu Lëtzebuerg ginn.

Presentatioun a Montage: Carlo Link

Audio-Dokoment 1: Radio Luxembourg 1. Deel - Patch-Radio 2003 Vun der Association Radio-Luxembourg vum François Anen um Speicher an der Beaumontsgass, bis bei déi gréissten Radio- an Televisiouns-Statioun an Europa [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].

Audio-Dokument 2: Télé Luxembourg Audio-Extraitë aus dem Film vum Andy Bausch vun 2005 Télé Luxembourg - 50 ans [RTL Group / CLT-UFA / CNA].

Audio-Dokument 3: Hei Elei, Kuck Elei 1. / 2. Deel - Patch-Radio 2009 Geschicht vun der éischter Televisiounsemissioun a Lëtzbuerger Sprooch, 1969 [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].

Déi detailléiert Radio- an Tëleesgeschicht hei op Kulturgeschicht.Lu: https://www.kulturgeschicht.lu/taxonomy/term/29#6

Rotondes Explorations Culturelles: https://www.rotondes.lu/fr/agenda/histoire-des-medias-au-luxembourg-radio-et-television-aux-20e-et-21e-siecles

Resumé vun der Konferenz:

Episoden

De Wee vum Text

"De Wee vum Text" war de Sujet den 8. Mee op enger Table ronde op de Mierscher Theaterdeeg am Mierscher Kulturhaus.

Welche Zukunft wollen wir? Die Smart City und die Zukunft unserer Städte

Eng Diskussioun mam Niklas Maak a Florian Hertweck, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner (IPW) an der Abtei Neimënster. "Zwischen Klimawandel und digitaler Revolution".

Guy Wagner - Winterreise

Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016) vum 7. Mee am Trifolion, Iechternach

Op eemol ass alles anescht!

Wat maache Verännerunge mat eis? Am Alldag, an der Gesellschaft, an der Schoul, an der Kierch?
Guy Wagner - Winterreise

Guy Wagner - Winterreise

Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016)
headphones

8 min

play_arrow
Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter

Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter

Debat vum 5. Mee am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach
headphones

56 min

play_arrow

Fake News a Verschwörungstheorien - Demokratie um Préifstand!

Debat vum 22. Abrëll am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach

UNESCO - Der Mensch und die künstliche Intelligenz. Wo stehen wir?

Konferenzzyklus Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. E Gespréich mam Prof. Dr. Christoph Schommer iwwer kënschtlech Intelligenz.

Fake News a Verschwörungstheorien - Demokratie um Préifstand!

Debat vum 22. Abrëll, am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach

UNESCO - Der Mensch und die künstliche Intelligenz. Wo stehen wir?

Konferenzzyklus Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. E Gespréich mam Prof. Dr. Christoph Schommer iwwer kënschtlech Intelligenz.

D'Benediktinerabtei vu Klierf an d'Geschicht vun hirer Communautéit

Eng guidéiert Visitt an der neo-romanescher Benediktinerabtei Saint-Maurice-et-Saint-Maur zu Klierf mam Père Abbé Dom Michel Jorrot

Méi wéi Paschtéitchen an Iechternacher Sprangpressessioun

Ofschlossvirtrag vum Zyklus Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun den 1950er Jore bis haut am CAPE, mat der Literaturwëssenschaftlerin Dr. Jeanne E. Glesener.

Sexuell Revolutioun an dann?

Geschlechterverhältnesser zu Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren, e Virtrag vun der Sonja Kmec, am CAPE, am Kader vum Konferenzzyklus Kulturgeschicht Lëtzebuerg

Welche Zukunft wollen wir? Die Smart City und die Zukunft unserer Städte.

Diskussion mit Niklas Maak (l.) und Florian Hertweck am 16. März 2021 auf Einladung des Intituts Pierre Werner (IPW) in der Abtei Neumünster

Qu'est-ce qu'une nation? Une histoire mondiale.

L'historien français Pascal Ory parle avec l'historien luxembourgeois Vincent Artuso sur son oeuvre la plus récente "Qu'est-ce qu'une nation?"

Der Mensch und die Künstliche Intelligenz. Wo stehen wir?

Neie Konferenzzyklus Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information. E Gespréich mam Prof. Dr. Christoph Schommer

Finissage vun der World Press Photo 2020 Exhibition

Table ronde iwwer déi professionell Presse-Fotografie zu Lëtzebuerg

Through the looking glass

Iwwerleeungen a Geschichten zum Theema Fraen a Fotojournalismus vun der Françoise Poos, am Kader vun der World Press Photo Exhibition 2020

Deceptive Images

Biller déi täuschen - eng Konferenz iwwer Deepfakes mam Tom Van de Weghe, am Kader vun der World Press Photo Exhibition 2020

Paradises Lost

Über die Zukunft des Reisens und des Reisejournalismus, im Rahmen der World Press Photo Exhibition 2020