Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Seed To Tree - Major Lydian

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Histoire des Médias au Luxembourg

Histoire des Médias au Luxembourg

Yves Steichen (am Hannergrond de Jean Octave 1982 an der Emissioun Hei Elei Kuck Elei op RTL, déi eemol d'Woch sonndes koum) © Carlo Link

Zur Geschicht vu Radio an Televisioun zu Lëtzebuerg:

Als éischt muss een tëschent dem RTL Group (fréier CLR/CLT) a RTL Lëtzebuerg mat de Sendere RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Télé Lëtzebuerg, déi zum RTL Group gehéieren, ënnerscheeden. D'Privatentreprise CLR/CLT kritt 1930 déi staatlech Konzessioun (an den de facto Monopol), fir vu Lëtzebuerg aus eng Radio Gesellschaft ze bedreiwen, zu där vun 1959 (Radio) resp. 1969 (Tëlee) un och déi zwee eenzeg lëtzebuergesch Programmer gehéieren. Bis ufanks den 90er Jore gouf et also just zwee lëtzebuergesch Senderen hei am Land. 1991 ännert sech dat duerch d'Liberaliséierung vun de Frequenzen - de Monopol gëtt opgebrach an nei Senderen entstinn.

Richteg interessant gëtt et 1929 - also relativ spéit, wann ee bedenkt, datt de Radio als Kommunikatiounsmedie schonn zanter de fréien 20er Jore verbreet ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet de kommerziellen Interessi erkannt, zu Lëtzebuerg e Radiosender respektiv eng Radio Gesellschaft entstoen ze loossen a beschléisst e Gesetz, dat d'Situatioun reguléiere soll a virgesäit, datt d'Schafung vun engem neie Radiosender zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun vun der Regierung brauch. Engersäits wëllt een international net à l'Ecart stoen a sech dëse Maart mat enger neier Source de Revenu net entgoe loossen, anerersäits gesäit een awer och nach kee Besoin fir e lëtzebuergeschen Nationalsender.

Dat, wat een also erlaabt, ass d'Schafung vun enger internationaler Gesellschaft (mat haaptsächlech franséischem Kapital) zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg aus an Europa senden däerf - mat virgeschriwwener Neutralitéit. Doduerch entsteet eng win-win-Situatioun: D'Lëtzebuerger Regierung muss keng Suen ausgi fir den Opbau vun enger Radiostatioun, kann awer Steiere kasséieren.

( ..... )

1991 - Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenzen -

Mam Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenze verléiert RTL säi Monopol. Privat wéi ëffentlech-rechtlech Sender kënnen elo entstoen. Als Beispill sief den 100komma7 genannt, en ëffentlech-rechtleche Sender mat soziokulturellem Schwéierpunkt , entstanen op Initiativ vun der Regierung. De "Papp" vum 100komma7 (deemools: De soziokulturelle Radio) ass de Kulturminister Robert Krieps. D'Iddi vun engem Kultur-Radio, dee vum Staat bezuelt gëtt, ass e wichtegt Instrument fir d'Stimuléierung vun der kultureller Produktioun.
Weider nei Sendere sinn den DNR (Den neie Radio) als Alternativ zu RTL, den Eldoradio als Sender fir déi Jonk, de scho genannte Radio Ara, deen nieft Lëtzebuergesch och op Englesch sent, a Radio Latina, dee fir déi portugisesch Matbierger Emissiounen op Portugisesch huet.

Éischte Logo vum soziokulturelle Radio - honnert,7

D'Konferenz vum Yves Steichen, Historiker am Departement fir Film-TV vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA), déi mat villen Extraiten aus audiovisuellen Dokumenter aus den CNA Fonge gepräägt war, hat en Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun der Geschicht vu Radio an Tëlee zu Lëtzebuerg ginn.

Presentatioun a Montage: Carlo Link

Audio-Dokoment 1: Radio Luxembourg 1. Deel - Patch-Radio 2003 Vun der Association Radio-Luxembourg vum François Anen um Speicher an der Beaumontsgass, bis bei déi gréissten Radio- an Televisiouns-Statioun an Europa [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].

Audio-Dokument 2: Télé Luxembourg Audio-Extraitë aus dem Film vum Andy Bausch vun 2005 Télé Luxembourg - 50 ans [RTL Group / CLT-UFA / CNA].

Audio-Dokument 3: Hei Elei, Kuck Elei 1. / 2. Deel - Patch-Radio 2009 Geschicht vun der éischter Televisiounsemissioun a Lëtzbuerger Sprooch, 1969 [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].

Déi detailléiert Radio- an Tëleesgeschicht hei op Kulturgeschicht.Lu: https://www.kulturgeschicht.lu/taxonomy/term/29#6

Rotondes Explorations Culturelles: https://www.rotondes.lu/fr/agenda/histoire-des-medias-au-luxembourg-radio-et-television-aux-20e-et-21e-siecles

Resumé vun der Konferenz:

Episoden

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3)

Weider mam Jabel - Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich. Eng Konferenz vum Fernand Fehlen
headphones

57 min

play_arrow

Archives et démocratie

Den néngten Archivdag, organiséiert vum Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten Asbl, kuerz VLA.
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)

E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto
headphones

55 min

play_arrow
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)

E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto
headphones

55 min

play_arrow
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1)

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1)

Wat d'Heemecht ass, dat froen s'oft - Heemecht als Allegorie vun Identitéit?
headphones

56 min

play_arrow
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1)

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (1)

Wat d'Heemecht ass, dat froen s'oft - Heemecht als Allegorie vun Identitéit?
headphones

56 min

play_arrow

IPW - Institut Pierre Werner - Entretien

La chute du mur - La chroniqueuse littéraire Marie-Madeleine Rigopoulos s'entretient avec le journaliste et écrivain Olivier Guez.

IPW - Institut Pierre Werner - Entretien

La chute du mur - La chroniqueuse littéraire Marie-Madeleine Rigopoulos s'entretient avec le journaliste et écrivain Olivier Guez.

Les rendez-vous de L'UNESCO

"Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"

Les rendez-vous de L'UNESCO

"Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"

Les Rendez-Vous de L'UNESCO

Digital Mënscherechter

Forum Z - Visualising history

Historesch Molereien, 3D-Rekonstruktiounen, virtuelle Welten a Zäitmaschinnen

ForumZ - Who's afraid of the digital?

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

ForumZ - Lost Memories of World War 1

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

Luxembourg Art Week 2018

"Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

Luxembourg Art Week 2018

"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

Luxembourg Art Week 2018

"Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

Les Rendez-vous de l'UNESCO

Fir eng méi wëssenschaftlech Kultur ... an eng méi kulturell Wëssenschaft

Archives et démocratie

Den néngten Archivdag, organiséiert vum Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten Asbl, kuerz VLA.