Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Toto - Rosanna

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Kulturgeschicht(en) op Vinyl

Kulturgeschicht(en) op Vinyl

De Komponist, Arrangeur, Museker a Musekspedagog Georges Urwald © Carlo Link

Populär Lidder verroden eis esou munches aus hirer an iwwer hir Zäit. All Lidd, dat glécklecherweis deemools vu Plackelabele wéi Discolux, Edy Noël oder Luxembourg Sound op Vinyl veréiwegt gouf, hält eis eng kleng Geschichtsstonn iwwer Kultur zu Lëtzebuerg, wann een esou wëllt. Ouerewiermsänger wéi Micky Erpelding, Mesy Faber, Juliette Nürenberg, Aly Bintz, Marcel Jander oder Hary Haagen (net ze vergiessen d'Kannerstare wéi Marie-Madelaine, Dany, De klenge Fernand oder Roby) sangen iwwer beléifte Fräizäitbeschäftegungen ("Um Camping", "Mäi Pony"), Iessen an Drénken ("Lëtzebuerger Spezialitéiten", "Béierlidd" vum Hary Fonck), d'Bild vun der Fra ("Déi nei Blus", "Déck oder dënn"), Mobilitéit ("De leschten Tram", "Mir fléien op de Mound"), Sport ("Den Hunn op der Bunn", "Futtballslidd") oder Moud ("D'Miniräck", "De Bibi").

Liddertexter a Musek ginn en Abléck an d'Gesënnungen an d'Haltunge vun de Leit, loossen d'Sounden, déi eng bestëmmten Zäit gepräägt hunn, an natierlech d'Interpreten, déi haut nach feste Bestanddeel an de Biografië vun der Nokrichsgeneratioun sinn, erëm opkléngen.

E Virtrag vum Georges Urwald, mat de Lëtzebuerger Ouerewiermsänger, opgeholl den 19. Oktober am CAPE (Centre des Arts Pluriels) zu Ettelbréck am Kader vum Konfrenzenzyklus: Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun den 1950er Jore bis haut. Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an der Fuerschungsunitéit IPSE vun der Uni Lëtzebuerg.

Enregistrement, Montage a Resumé: Carlo Link

Integrale Virtrag vum 19. Oktober 2020: Kulturgeschicht(en) op Vinyl - Lëtzebuerger Ouerewierm an hirer Zäi

@ Carlo Link

Resumé vum Virtrag



Episoden

Die Neuentdeckung des Himmels

"Auf der Suche nach fremden Welten und fremden Lebewesen"

Die Neuentdeckung des Himmels

"Auf der Suche nach fremden Welten und fremden Lebewesen"

Forum Z - Visualising history

Historesch Molereien, 3D-Rekonstruktiounen, virtuelle Welten a Zäitmaschinnen

Les Rendez-vous de l'UNESCO

"Through the Looking Glass" - Iwwerleeungen a Geschichten zum Thema Fraen a Fotojournalismus

Europa - wat en Theater

Am Virfeld vun den Europawahlen diskutéiere Lëtzebuerger Kënschtler iwwer Europa.

Europa - wat en Theater

Am Virfeld vun den Europawahlen diskutéiere Lëtzebuerger Kënschtler iwwer Europa.

Les Rendez-Vous de l'UNESCO

"A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.

Les Rendez-Vous de l'UNESCO

"A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.

ForumZ - Who's afraid of the digital?

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

Vom Leben in der Arktis im Griff des Klimawandels. Eng Konferenz vum Dr. Benoît Sittler de 6. November 2018 am Natur Musée am Gronn (MNHN).

Luxembourg Art Week 2018

"Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

Luxembourg Art Week 2018

"Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

Luxembourg Art Week 2018

"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

Luxembourg Art Week 2018

"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

Luxembourg Art Week 2018

"Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

Luxembourg Art Week 2018

"Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

Den Talk Radio Day am Mudam

Zum Thema "Den Design als Lien tëschent Handwierk an Industrie" haten um Talk Radio Day am Mudam Kreativer interessant Aussoe gemaach.

ForumZ - Lost Memories of World War 1

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

D'Stolproduktioun zu Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

Am November 1918, viru genee 100 Joer, ass no véier Joer den éischten industrielle Krich vun der Mënschheetsgeschicht op en Enn gaangen.

Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.