Konferenzen
Finissage vun der World Press Photo 2020 Exhibition
Wat ënnerscheet d'Lëtzebuerger Pressefotografie? Wat sinn d'Erausfuerderungen am Hibléck op d'Mediekris? Wat heescht d'Bildintegritéit am digitalen Zäitalter?
Et diskutéieren, fir de Finissage vun der World Press Photo 2020 Exhibition, Christian Aschman, fräie Fotograf, Sven Becker, Fotograf am Lëtzebuerger Land, Jessica Theis, fräi Fotografin a Guy Wolff, fräie Fotograf, Ex-Luxemburger Wort, iwwer déi professionell Presse-Fotografie hei am Land.
Moderatioun: Josée Hansen, Kulturjournalistin a fréier Chefredaktesch vum d'Lëtzebuerger Land, déi selwer Fotoe fir hir "Trash Picture Company" mécht.
Presentatioun: Ainhoa Achutegui, Direktesch vum CCR Neimënster
Enregistrement: Neimënster / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link
Audio-Enregistrement: Table ronde lauschteren
Video vun der Table ronde vum 20. Februar 2021 (Ufank bei 05:08):
Episoden
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020
"Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix", ee Virtrag vum Ralph Lange am Musée Dräi Eechelen
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020
"Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix", ee Virtrag vum Ralph Lange am Musée Dräi Eechelen

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto
