Konferenzen
Wéi sinn d'Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Geschicht?
Wéi e Stellewäert huet d'Lëtzebuerger Geschicht an der Fuerschung, an der Schoul, an der Ëffentlechkeet?
Obwuel d'Lëtzebuerger Geschicht eng wichteg Roll spillt am politeschen Alldag, Joresdeeg a Commemoratioun, steet d'Fro am Raum, wéi et ëm d'Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Geschicht bestallt ass. Wéi e Stellewäert huet dës Geschicht an engem Land, wou ee Groussdeel vun de Schüler keng Lëtzebuerger Wuerzelen huet. Wéi e Gewiicht a wéi eng Form soll d'Vermëttlung vun der Lëtzebuerger Geschicht an der Zukunft hunn?
En Ustouss fir dëst Ronndëschgespréich, am Kader vum Archivmount 2021 vum Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten, waren ënner anerem zwee Artikelen an der Zäitschrëft Forum (Nr. 414-415).
Intervenanten: Pit Péporté (Moderatioun), Sonja Kmec, Michel Pauly, Aurélie Thines a Françoise Flesch
Organisateuren: Association luxembourgeoise des professeurs d'histoire (ALEH), Bibliothèque nationale du Luxembourg (BNL)
Enregistrement vum 21 Juni: Nationalbibliothéik (BNL)
Resumé a Montage: Carlo Link
Online-Versioun:
Episoden
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020
"Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix", ee Virtrag vum Ralph Lange am Musée Dräi Eechelen
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020
"Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix", ee Virtrag vum Ralph Lange am Musée Dräi Eechelen

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto
