Radioen

On air

Notturno  |  Greg Lamy Quartet - Le Chien

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives

La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives

Am Joer 2013 koum déi franséisch Bibel vun der Liturgie eraus, vun där de Père Henri Delhougne, Benediktiner Pater an der Abtei Klierf, de Koordinator war.

Et war déi éischt komplett Iwwersetzung op Franséisch vu bibleschen Texter, déi fir liturgesch Notzung geduecht sinn, dat heescht en Text, deen an der Ëffentlechkeet verkënnegt ka ginn, an dee vun der Versammlung, déi den Text net viru sech huet, verstane ka ginn, dat ass d'Specificitéit vun dëser liturgescher Bibel.

D'Notzung vun der Iwwersetzung, déi vu sougenannten Exgégètes (Erklärer) vun der Bibel ausgeféiert gouf, beschränkt sech sécher net op d'Liturgie eleng. Si ass grad esou fir d'Katechete geduecht, wéi fir perséinlecht Liesen a Meditatioun.

Fir e richtegt Verständnis vun der Schrëft ze erméiglechen, hat de Père Delhougne eng Ekipp vun zwanzeg Spezialiste rassembléiert, vun deenen der vill schonn un der Iwwersetzung bäigedroen haten. Si goufen opgeruff, Explikatiounen ze schreiwen. Am Ganze sinn dat eng 25.600, déi Äntwerten op Froe vun de Lieser vun haut ubidden.

Zousätzlech, um Ufank vun all biblesche Buch, fënnt de Lieser een Inhaltsverzeechnes, dat him hëllefe soll, e Passage am Kontext vum Buch ze situéieren.

Bei Geleeënheet vum 1.600. Doudesdag vum Hellege Jérome, Iwwersetzer vun der Bibel op Latäin, gouf am September 2020 dës nei Editioun vun de Schrëften, mat explikativen Notizzen, publizéiert. Am Ganze koumen dobäi eng ronn 25.000 Notten zesummen.

De Carlo Link huet sech mam Père Henri Delhougne doriwwer ënnerhalen, wéi et zu dëser Publikatioun koum.

Weider héiere mir, ënner anerem, en Extrait vun der Soirée de Lancement an der Belsch zu Léck, (Audio: Jean-Philippe Detiffe).

Père Henri Delhougne, Presentatioun den 9. Oktober 2020 zu Léck, Église Saint-Jacques

De Père Delhougne um Mikro vum Carlo Link den 13. Dezember

"La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives" 2.880 Säiten - 16,5 x 25 x 7 cm - ISBN: 978-2-7067-2010-9 éditions SALVATOR, Paris



Episoden

Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?

Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn, a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun?

Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?

Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn, a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun?

Koexistenz Mënsch-Wollef - Realismus oder Utopie?

Ass d'Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef, am dicht besidelen Europa, méiglech?

Corona, Pescht a Cholera - eng Geschicht vu Pandemien

Den Historiker Roger Seimetz beliicht déi vergaangen an déi aktuell Pandemien.

Corona, Pescht a Cholera - eng Geschicht vu Pandemien

Den Historiker Roger Seimetz beliicht déi vergaangen an déi aktuell Pandemien.

Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020

"Le sens musical de la joie religieuse", Dom Michel Jorrot - Abt vun der Benediktiner Abtei vu Clierf

Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020

"Le chant grégorien: des origines à nos jours", Olga Roudakova

Der Tod hat immer Zukunft - Grabkulturen im Wandel

"Totgedenken im Wandel der Zeit - Krematorium, Souvenirgärten, Waldfriedhöfe, muslimischer Platz usw."

Kulturgeschicht(en) op Vinyl

Lëtzebuerger Ouerewierm an hirer Zäit: e Virtrag vum Georges Urwald

Corona, Pescht a Cholera - Viren, Bakterien a Kränkten

Eng Geschicht vu Pandemien - Virtuell Konferenz vum 24. November 2020 mam Historiker Roger Seimetz

Pierre Birnbaum: "La leçon de Vichy" - Entretien

La question juive et l'État français - Débat entre Pierre Birnbaum et Vincent Artuso du 15 octobre 2020

Les Rendez-vous de L'UNESCO 2020: Art nouveau

Le patrimoine architectural du XXe siècle: Art nouveau, art total aux multiples facettes

Histoire des Médias au Luxembourg

"Radio et télévision aux 20e et 21e siècle" vum Yves Steichen an de Rotonden de 14. Oktober

Cercle Européen Pierre Werner - Conférence - 7.10.20 - St. Vith

Évolution à court et à moyen terme de l'économie luxembourgeoise

Les Rendez-vous de L'UNESCO 2020: Art nouveau

Le patrimoine architectural du XXe siècle : Art nouveau. Konferenz vum 5. Oktober 2020 mat der Konschthistorikerin Muriel De Groef

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7)

D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Literaturbetrib an den 1960er a 1970er Joren - Fabienne Gilbertz
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (6)

Konschtgeschicht vun 1980 bis haut: Eng Aventure mat Iwwerraschenden Entwécklungen - Enrico Lunghi
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (5)

Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) - Yves Steichen
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (4)

Fabio Spirinelli: Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum Nation Building zum Nation Branding
headphones

56 min

play_arrow

Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3)

Weider mam Jabel - Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich. Eng Konferenz vum Fernand Fehlen
headphones

57 min

play_arrow