Radioen

On air

9 bis 1  |  Jordana - Raver Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

Webinar

100komma7.lu / Webinar

/ Museksunterrecht am Enseignement

Museksunterrecht am Enseignement

headphones

91 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Regierungsrot Mëtt Juli d'lescht Joer huet gréng Luucht gi fir de Projet de loi fir d'Reform vum Museksunterrecht am Gemengesecteur. D'Gesetz soll fir d'Rentrée 2022 gräifen an eng vun den Haaptnouvellen ass, datt den Enseignement musical vun deem Ament u fir Kanner gratis gëtt. Dat stäerkt d'Plaz vum Museksunterrecht am Bildungswiesen. Dem Educatiounsminister Claude Meisch no soll den Enseignement musical esouguer e Pilier vun der Educatioun ginn.

Wat ass d'Bedeitung vum Museksunterrecht? Wéi ginn d'Enseignantë forméiert? A wat bréngt et mat sech, wann den Accès dozou fir Kanner vun der Rentrée 2022 u soll gratis sinn? Dës an aner Froe stinn am Mëttelpunkt vum Webinaire vun der Direction générale de l'Enseignement musical vum Educatiounsministère, dem SCRIPT an dem radio 100,7.

Am Studio sinn:


D'Micky Thein, Directrice adjointe vun der Museksschoul vun der UGDA.
De Gilles Lacour, Commissaire à l'enseignement musical vun der Regierung a Chef vun der Direktioun vum Museksunterrecht am Educatiounsministère.
De Marc Meyers, President vun der nationaler Programmkommissioun vum Enseignement musical an Direkter vum Stater Conservatoire
De Pascal Sticklies, Responsabel vum Education Departement vun der Philharmonie


An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren an och d'Stëmme vu Museksschüler.

Moderatioun: Natasha Ehrmann

Musek
Politik a Gesellschaft

Episod