Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Billie Eilish - Chihiro

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ Kënne Planzen danzen?

Kënne Planzen danzen?

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Salut Kanner an ärem Kannereck. Muer ass den 1. Mee an dat ass e Feierdag. Den 1. Mee ass den Dag vun der Aarbecht. Dat ass en Dag, wou ganz speziell un den Asaz vun de Gewerkschafte geduecht gëtt, déi sech zanter ganz Laangem a ganz engagéiert fir besser sozial Leeschtungen agesat hunn. Sozial Leeschtungen heescht zum Beispill anstänneg Aarbechtszäiten, datt de Congé bezuelt gëtt, oder datt Leit, déi schaffe sozial ofgeséchert sinn duerch Krankekeess oder spéider Pensiounskeess.

D'Geschicht geet op den 1. Mee 1886 zeréck, wou zu Chicago an den USA e Streik ugefaangen huet, deen Gewerkschaften organiséiert haten, fir datt d'Mënschen amplaz vun 12 Stonnen pro Dag der nach just aacht misste schaffen. De Streik vun deem Dag gëtt och gären den "Haymarket-Riot" genannt, also den "Heemaart-Opstand", an dee Streik gëllt als den Ursprong vun der Traditioun, datt um éischte Mee den Dag vun Aarbecht gefeiert gëtt.

Hei am Land maachen d'Gewerkschaften eng Manifestatioun, an op ville Plazen uechtert Land ginn d'Duerfveräiner moies fréi an de Bësch a maachen e Meekranz, dee se da bei sech am Duerf ophänken.

Passt eemol muer op, vläicht gesitt der jo iergendanzwousch e Meekranz hänken.

Elo awer bei eis Experiment, wou d'Michèle Weber an de Jean Claude Majerus iech d'Suite vum Experiment vun der leschter Woch erklären. Et ass et jo dorëms gaangen, wéi aus engem Som eng Planz ka ginn, abee hei kucke mir da weider, wat mir mat der Planz kënne maachen.

An hei ass de Link fir bei dëst Experiment op science.lu.

Episoden

Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 1

Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 1

Léif Kanner! D'Anja Di Bartolomeo huet iech nees eng Geschicht matbruecht. An d'Anja huet senger Geschicht den Titel "De Mukami an de Pit" ginn.
headphones

8 min

play_arrow
De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 3

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 3

Am drëtten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalbdram" huet Jos acceptéiert, dem Nora säi Wichtelkaddo ze sinn. Zesummen treffe si sech mam Anne Sophie.
headphones

18 min

play_arrow
De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 2

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 2

Mir proposéieren iech den zweeten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalbdram".
headphones

10 min

play_arrow
De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 1

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 1

D'Anja Di Bartolomeo huet iech fir an d'Kannerkëscht och dëst Joer erëm eng Chrëschtdagsgeschicht afale gelooss an mir hu se och zesummen opgeholl, datt der se och elo an der Vakanz lauschtere kënnt.
headphones

12 min

play_arrow
De Jos an d'Halloween - Deel 4 a 5

De Jos an d'Halloween - Deel 4 a 5

Doheem huet de Jos sech du geduecht, datt e bei de Bopa geet a mat deem Halloween feiert, mee dat war och keng gutt Iddi.
headphones

39 min

play_arrow
De Jos an d'Halloween - Deel 2 an 3

De Jos an d'Halloween - Deel 2 an 3

Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleegen Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.
headphones

36 min

play_arrow
De Jos an d'Halloween - Deel 1

De Jos an d'Halloween - Deel 1

An dëser Kannerkëscht proposéieren mer iech der Anja Di Bartolomeo hir Geschicht: "De Jos an Halloween".
headphones

29 min

play_arrow

Kal a waarm Waasser iwwerenee stellen

Genee dorëms geet et bei eisen Experiment mam Michèle.
Zanter 16 Joer ass de Pluto kee Planéit méi

Zanter 16 Joer ass de Pluto kee Planéit méi

De 24. August 2006 gouf de Pluto vun der Internationaler Astronomescher Unioun, kuerz IAU, zum Zwergplanéit deklaréiert, respektiv, degradéiert.
headphones

5 min

play_arrow

D'Mary a seng Monsteren

D'Monique Kirsch aus dem natur musée erzielt iech d'Geschicht vum Mary, eng vun den éischte Wëssenschaftlerinne vun der Welt.
Schlof, Déierche schlof

Schlof, Déierche schlof

D'Monique Kirsch aus dem natur musée stellt sech d'Fro: Wéi schlofen Déieren?
headphones

6 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 4

Jos, de Pastachampion - Deel 4

De Jos wollt zolidd kreativ si fir de Pastaconcours, an hien huet sech selwer als "Jos Pastakiller Gerrero Martino" ugemellt, an de Bop huet hie "Ravioli Rosa Cannelloni Fighter 3000" genannt.
headphones

32 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 3

Jos, de Pastachampion - Deel 3

De Jos huet sech an de Bop fir de Pastaconcours ugemellt. Mee déi Umeldung ass nach ëmmer nëmme provisoresch.
headphones

30 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 2

Jos, de Pastachampion - Deel 2

Elo kennt dir de Jos a seng Famill jo schonn, an de Jos huet vum Pastaconcours héieren, bei deem hien onbedéngt mat wëllt maachen.
headphones

29 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 1

Jos, de Pastachampion - Deel 1

De Jos wëllt mat sengem Bopa a senger Nona bei engem Pastaconcours matmaachen. Den Haaptpräis sinn Tickete fir ee Fussballmatch. Beim Concours leeft awer net alles riicht. Eng Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo
headphones

30 min

play_arrow

Eng Zäitrees

De Patrick Michaely hëlt iech mat op eng Zäitrees duerch den natur musée an duerch d'Stad Lëtzebuerg.
De Piwitsch Song

De Piwitsch Song

D'Natahlie Bender vum Script stellt Iech dee fusch-neie Piwitsch Song vir.
headphones

9 min

play_arrow
Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!

Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!

An eisem Experiment weist de Joseph Rodesch, wéi een aus alem Pabeier en neit Blat Pabeier maache kann.
headphones

7 min

play_arrow

Wäiss mat schwaarze Sträifen oder schwaarz mat wäisse Sträifen?

D'Monique Kirsch aus dem natur musée beschäftegt sech haut mat der Fro: Wéi eng Faarwen huet den Zebra? Ass e wäiss mat schwaarze Sträifen oder schwaarz mat wäisse Sträifen?
De Krautwësch

De Krautwësch

De 15. August, nächste Méindeg, ass e Feierdag: Maria Himmelfaart. Deen och nach Léiffrawëschdag, Léiffrakrautdag, Krautwëschdag, Muttergottesdag genannt gëtt.