Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ Wéi kann ee waarmt Waasser kréien?

Wéi kann ee waarmt Waasser kréien?

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Salut Kanner! D'nächst Woch gëtt eng kuerz Woch, ech denken, datt der vill doriwwer net béiss sinn, mee firwat ass d'nächst Woch da méi kuerz? Wësst der et?.... Genee richteg, den nächste Donneschdeg ass en offiziell Feierdag, et ass de Lëtzebuerger Nationalfeierdag , deen all Joers um 23. Juni gefeiert gëtt. Vill Leit soen Nationalfeierdag, mee der kënnt awer och emol heiansdo aner Ausdréck héieren, wéi Groussherzog- oder Groussherzoginsgebuertsdag. Oder méi rar: Kinniksdag oder Kinneksgebuertsdag.

Wat feiert een dann deen Dag? Abee et feiert een dem Grand-Duc oder der Grande-Duchesse hire Gebuertsdag, jee no deem wien da grad Staatschef ass. Mee de Lëtzebuerger Nationalfeierdag war awer net ëmmer um 23. Juni, wa mer an der Zäit zeréckginn, wou de Kinnek-Groussherzog Wëllem den Éischten war, deen Nationalfeierdag bei eis de 24. Abrëll geluecht huet, och wann de Wëllem de 24. August Gebuertsdag hat. Bei sengem Nofollger de Wëllen den Zweeten gouf de Nationalfeierdag op deem sengem Gebuertsdag den 6 Dezember als Niklosdag gefeiert. Du koum de Wëllem den Drëtten a bei deem war bis 1859 de 17. Juni Nationalfeierdag.

Wat war dat en Duercherneen, denkt der iech wuel, mee et ass nach weider gaangen. Nodeems dat hollännescht an dat Lëtzebuerger Herrscherhaus auserneegaangen sinn, gouf an der Zäit vun de Nassau-Weilburger Monarchen de Nationalfeierdag ëmmer op hirem Gebuertsdag commemoréiert.

Wéi d'Grande Duchesse Charlotte dunn 1919 d'Soen hei am Land krut, ass den Nationalfeierdag op den 23. Januar gefall, net glécklech, well et war meeschtens kal matten am Wanter, an déi Zäite waren d'Wanteren nach anescht wéi haut, an och hire Fils, de spéidere Grand Duc Jean, hat am Januar Gebuertsdag.

Do wollte si awer eppes dogéint maachen, de 23. Dezember 1961 gouf an engem, wat se nennen Arrêté Grand Ducal, festgehalen den Nationalfeierdag vum 23. Januar op den 23. Juni ze verleeën, an de Grond war eenzeg an eleng d'Wieder, well et zimmlech sécher am Juni manner kal, gro an däischter ass wéi am Januar. An dësen Dag ass du bliwwen, och beim aktuellen Grand Duc Henri, an dat wäert och wuel bei deem sengem Fils Guillaume esou bleiwen, wann deen d'Successioun vu sengem Papp iwwerhëlt a Grand Duc gëtt.

De Virowend vun Nationalfeiederdag, also den 22. Juni gëtt normalerweis am ganze Land deels bis an d'Nuecht gefeiert, a besonnesch an der Stad ass um Virowend ëmmer e grousse Fackelzuch, e grousst Freedefeier, an um Nationalfeierdag selwer ass eng grouss Militärparad. Op alle Fall ass dat en Dag, wou iwwerall am Land Nationalhymn gespillt gëtt, dir kennt déi jo Kanner: "Ons Heemecht" An iwwerall wou de Grand Duc dann higeet, gëtt wann hien ukënnt, de Wilhelmus gespillt.

Voilà, dat ass also de Lëtzebuerger Nationalfeierdag, dee wéi dir elo héieren hutt, net ëmmer den 23. Juni war, op alle Fall wënsche mir iech e ganz schéinen Nationlfeierdag den nächste Donneschdeg.

An domat komme mir bei eis Experiment, dat nawell ganz gutt bei dat waarmt, jo esou guer gliddegt Wieder passt. D'Michèle Weber an de Jean Claude Majerus sëtze schonn am Studio ze schweessen, a si zwee wëllen iech haut erklären, wéi ee Waasser mat Hëllef vun der Sonnenenergie ka waarm maachen, a wéi dat am beschte geet.

An hei kënnt dir och op science.ku kucken, wéi ee Waasser mat Sonnenenergie ka waarm maachen.

Episoden

Schlof, Déierche schlof

Schlof, Déierche schlof

D'Monique Kirsch aus dem natur musée stellt sech d'Fro: Wéi schlofen Déieren?
headphones

6 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 4

Jos, de Pastachampion - Deel 4

De Jos wollt zolidd kreativ si fir de Pastaconcours, an hien huet sech selwer als "Jos Pastakiller Gerrero Martino" ugemellt, an de Bop huet hie "Ravioli Rosa Cannelloni Fighter 3000" genannt.
headphones

32 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 3

Jos, de Pastachampion - Deel 3

De Jos huet sech an de Bop fir de Pastaconcours ugemellt. Mee déi Umeldung ass nach ëmmer nëmme provisoresch.
headphones

30 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 2

Jos, de Pastachampion - Deel 2

Elo kennt dir de Jos a seng Famill jo schonn, an de Jos huet vum Pastaconcours héieren, bei deem hien onbedéngt mat wëllt maachen.
headphones

29 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 1

Jos, de Pastachampion - Deel 1

De Jos wëllt mat sengem Bopa a senger Nona bei engem Pastaconcours matmaachen. Den Haaptpräis sinn Tickete fir ee Fussballmatch. Beim Concours leeft awer net alles riicht. Eng Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo
headphones

30 min

play_arrow

Eng Zäitrees

De Patrick Michaely hëlt iech mat op eng Zäitrees duerch den natur musée an duerch d'Stad Lëtzebuerg.
De Piwitsch Song

De Piwitsch Song

D'Natahlie Bender vum Script stellt Iech dee fusch-neie Piwitsch Song vir.
headphones

9 min

play_arrow
Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!

Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!

An eisem Experiment weist de Joseph Rodesch, wéi een aus alem Pabeier en neit Blat Pabeier maache kann.
headphones

7 min

play_arrow

Wäiss mat schwaarze Sträifen oder schwaarz mat wäisse Sträifen?

D'Monique Kirsch aus dem natur musée beschäftegt sech haut mat der Fro: Wéi eng Faarwen huet den Zebra? Ass e wäiss mat schwaarze Sträifen oder schwaarz mat wäisse Sträifen?
De Krautwësch

De Krautwësch

De 15. August, nächste Méindeg, ass e Feierdag: Maria Himmelfaart. Deen och nach Léiffrawëschdag, Léiffrakrautdag, Krautwëschdag, Muttergottesdag genannt gëtt.
Den Décken an dee Klengen am natur musée

Den Décken an dee Klengen am natur musée

Am natur musée gëtt et ee Sall, deen een am Fong "onméiglech Treffe" kann ëmschreiwen. De Patrick Michaely stellt iech dee Sall hei vir.

Aus Mëllech gëtt Pech

Datt ee Mëllech als Liewensmëttel brauch, dat wësse mir alleguerten. Mee hei hu mir en Experiment dobäi, wéi een aus Mëllech ka Pech maachen. Wann dat alt eppes soll ginn.
headphones

8 min

play_arrow
Déi éischt Mënschen um Sommet vum Mont Blanc

Déi éischt Mënschen um Sommet vum Mont Blanc

De Jacques Balmat an de Michel-Gabriel Paccard haten et als éischt bis op den Sommet vum Mont Blanc an de franséischen Alpe gepackt.
headphones

4 min

play_arrow
Experiment mat Ierbessen, engem Glas a Waasser

Experiment mat Ierbessen, engem Glas a Waasser

Et ass en Experiment, mat deem een aner Leit kann erféieren.

Mir wenzelen duerch de Stadgronn

Wéi schéi kann et sinn duerch de Stadgronn ze trëppelen a sech dat Ganzt emol anescht unzekucken? Dofir gëtt et de sougenannten Natur-Wenzel-Wee.
De Ligebaron Münchhausen

De Ligebaron Münchhausen

Bei Ligen denkt een un de Pinocchio oder de Ligebaron Münchhausen. De Pinocchio kennt dir, Kanner, mee wien ass de Münchhausen?
headphones

4 min

play_arrow

Sonnecrème testen!

D'Michèle Weber vun Science.lu proposéiert en Experiment fir ze kucken, op Sonnecrèmen nach gutt sinn, wat aktuell mat der viller Sonn bestëmmt sënnvoll ass.
Waasser, Sand an e Poul

Waasser, Sand an e Poul

An dësem Experiment gëtt et drems, wéi een e Glas mat Hëllef vu Sand an engem Poul kann ophiewen.
headphones

6 min

play_arrow
De Piwitsch fir de Summer

De Piwitsch fir de Summer

"De Piwitsch" Nummer 3 ass eraus, a wat besonnesch ass, eng Spezial Editioun vum Piwitsch fir de Summer ass derbäi.
headphones

7 min

play_arrow
D'Fauldéier ass net liddereg

D'Fauldéier ass net liddereg

De Patrick Michaely aus dem natur musée weess vill Intressantes iwwer d'Fauldéier ze erzielen.
headphones

5 min

play_arrow