Radioen

On air

Tockcity  |  The Kooks - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Weltbierger

Weltbierger

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Déi franséisch-algeeresch Sängerin Souad Massi kënnegt hiren zéngten Album "Sequana" un, en Disk mat méi Influenzen, zousätzlech zum Chaâbi an de folkege Kläng, si bei Sequana och Aflëss aus der Karibik, Brasilien an dem Sahel ze héieren.

Ÿuma ass e jonken Duo aus Tunesien, deen e Folk erklénge léist, wéi mir en nach net héieren hunn. D'Sabrine an de Ramy hunn hir ganz eegen Aart a Weis déi verschidde Kläng mateneen ze mëschen: arabesch Gesangslinnen, déi si méi-stëmmeg iwwer reduzéiert Gittar-Mustere leeën, et herrscht eng orientalesch-mystesch Stëmmung a gläichzäiteg erklénge Soul-, Blues- a Folk-Influenzen.

De Stelios Petrakis a säi Quartett huet en neien Album agespillt, "Spondi". Entdeckt en éischten Extrait.

Rose Mercie, dat si véier Musekerinnen, déi sech net nëmme mat hirer Indie-Pop demarkéieren. ¿KIERES AGUA? Wëlls de Waasser? freet d'Iwwerschrëft vum neien Album, wärenddeem mir si plakeg am Feier gesinn ...

Déi franséisch Musekerin, Komponistin an och Actrice Roxane Arnal deelt en éischten Titel vun hirer Aktualitéit "Elior", en Disk, dee fir den Oktober ugekënnegt gëtt.

En eklektesche Mix aus Reggae, Jazz, Dub a World Musek léist den Album "The Roots Explorers" vun der Trompettistin, Flüttistin an Akkordeonistin Youthie zesumme mam Produzent Macca Dread erkléngen. Dësen neien Album léist eng akustesch Rees ronderëm de Globus erkléngen.

Am Juni 1996 koum ee vun de schéinste Reggae-Disken eraus! Dem Bim Sherman säin Album "Miracle". De jamaikanesche Singer-Songwriter hat sech an den 80er an England niddergelooss, wou hien zesumme mam Produzent Adrian Sherwood vun On-U Sound Lidder agespillt huet, déi zäitlos sinn.

Dem indesche klassesche Museker, Sänger a Komponist Debashish Bhattacharya säin Album "Hawaii To Calcutta", deen 2017 erauskoum, erzielt déi spannend Geschicht vun der hawaiianescher Gittar, wéi se an Indien ukoum, a wéi se vun engem Mann populär gemaach gouf: der hawaiianescher Slide-Gittar Legend Tau Moe.

Playlist:


Souad Massi - Dessine-moi Un Pays - Sequana
Ÿuma - Denia Dour - HANNET LEKLOUB
Stelios Petrakis Quartet - Tempranillo - Spondi
Rodrigo y Gabriela - Weird Fishes/ Arpeggi - Weird Fishes & Symphony No. 25 In G Minor
Rose Mercie - Sweet Place - ¿KIERES AGUA?
Erotic Market - Should I - Boredoms & Heartstrings
Roxane Arnal - Little Bird (feat. Baptiste Bailly) - Little Bird (feat. Baptiste Bailly)
Youthie & Macca Dread - Atumbao - The Roots Explorers
Groundation - Market Price - One Rock
Bim Sherman - My Woman - Miracle
Debashish Bhattacharya - Anandi on the Loose - Hawaii to Calcutta: A Tribute to Tau Moe
Jasdeep Singh Degun - Sajanava

Episoden

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent deen op de Sound aus den Tropen steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow