Musek am Gespréich
De Martin Elmquist
60 min

1991 koum de Martin Elmquist - no enger Rei Joren als Dirigent um Teatro San Carlo zu Neapel - op Lëtzebuerg. Geplangt war just e kuerzen Openthalt. Um Enn gouf et eng nei Etapp am Liewen vum Geiist an Dirigent, dee sech schëtzteg an der Musekszeen etabléiert hat: als Enseignant am Conservatoire du Nord, als Dirigent vun der Luxembourg Philharmonia an och vun der Chorale Gréiwemaacher. De Martin Elmquist ass haut Invité an der Emissioun Musek am Gespréich.
Dir héiert Extraiten aus dem Stabat Mater vum Gioachino Rossini an der 5. Symphonie vum Dmitiri Schostakowitsch mat der Luxembourg Philharmonia, de Chorallen vu Gréiewemaacher an aus dem Stater Conservatoire an de Solisten Elena Tanase, Ruxandra Barac, Igor Peral an Szabolcs Hamori ënnert der Direktioun vum Martin Elmquist.
Episoden
De Jörg Widmann
De Komponist a Klarinettist war de 25. Januar 2021 fir e Récital an der Philharmonie.
Hommage un e bedeitende Museker
De Pierre Nimax sr (1930-2021)

Vu Mozart iwwer Brahms bis Bacri
Dräi Pianisten - Sabine Weyer, Joseph Moog, Jean Müller - dräi nei Disquen
Vun Desprez bis Strawinsky
Museker-Jubiläen 2021
De Choix vun der klassescher Museksredaktioun
E Bléck op d'Favoritten aus den iwwer 200 CD-Tippen, déi um radio 100,7 presentéiert goufen.
De Beethoven an eng nei Generatioun vu Pianisten
D'19. Joerhonnert - Zäit vun de grousse Virtuosen
De Maxime Bender - Direkter a Museker
De Saxophonist féiert nieft senger neier Funktioun als Direkter vum Trifolion zu Iechternach seng Karriär als Jazzist weider.
De Quatuor Henri Pensis
Ryoko Yano, Andrea Garnier (Gei), Aram Diulgerian (Braatsch) an Sehee Kim (Cello)
Den Aris Quartett
Anna Katharina Wildermuth an Noémi Zipperling (Gei), Caspar Vinzens (Braatsch) a Lukas Sieber (Cello) sinn an der Serie Rising Stars nominéiert.
Mat frëschem Elan
Dirigentin Corinna Niemeyer an de President Georges Santer - déi nei Spëtzt vum Orchestre de Chambre du Luxembourg

Eng etabléiert Referenz
Zéng Joer International Classical Music Awards
Marco Pütz
Dem Komponist a Professer seng Kompositioune stinn un der Weltspëtzt. Dacks gi seng Wierker op groussen internationale Concourse ronderëm d'Welt agesat.

20 Joer United Instruments of Lucilin
E Bléck op d'Geschicht vum Ensembel, seng wichtegst Stécker a seng Wënsch fir d'Zukunft
Den Trompettist Philippe Schartz
Zanter 22 Joer ass de Schëfflenger Solo-Trompettist am BBC National Orchestra of Wales.

Claude Kraus
En Abléck an dem Komponist säi Wee als Museker, an déi éischt Prouf u sengem neiste Stéck an a seng Kompositioun "Mosaik".
De Joe Haas, Museksresponsabelen am Kulturministère
Wat sinn d'Aufgabe vum Chargé de mission musique?

De Pierre Cao
Den Dirigent a Pedagog schwätzt iwwer seng Karriär, iwwer seng vill Erfarungen a seng Leidenschafte baussent der Musek.
